Fernand Thibor

Vu Wikipedia
Fernand Thibor
Gebuer 1932
Gestuerwen 1997
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

De Fernand Thibor, gebuer 1932, gestuerwen 1997, war e Lëtzebuerger Enseignant an Historiker. Hien huet iwwer historesch Demographie, Genealogie a Familljennimm publizéiert.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Secondaire, am Kolléisch (1952), ass hien op den Institut pédagogique gaangen, wouno hien d'éischt Schoulmeeschter an dunn Enseignant am Lycée technique vun Ettelbréck gouf. 1981 huet hien eng Maîtrise an der Geschicht nogeholl, an 1995 en Doktorat op der Universitéit vu Besançon gemaach.

De Fernand Thibor war vun 1987 bis 1994 membre correspondant a vun 1994 bis zu sengem Doud membre effectif vun der Section de linguistique, de folklore et de toponymie vum Institut grand-ducal.

Hie war bestuet a Papp vun zwee Meedercher.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Les familles-souches de la vallée de la Colpach - 1766-1890; erausgi vum Institut grand-ducal, Section de Linguistique, de Folklore et de Toponymie, Lëtzebuerg, 1996; 128 S. mat Tableauen a Kaarten;
  • La population de deux paroisses luxembourgeoises aux XVIIIe et XIXe siècles - Étude de démographie historique; Dokterthees, Universitéit vun der Franche-Comté, Besançon, 1995;
  • <<A Kaesesch>> - Évolution de la structure d'une famille-souche de Colpach-Haut; in: Annuaire 1993, Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique; Lëtzebuerg, 1993; Ss. 233-244;
  • Le mariage à Eischen de 1763 à 1839 - Étude de démographie historique; in: Bulletin linguistique et ethnologique, Heft 24 (1987); Lëtzebuerg, 1987; Ss. 42-93;
  • Demographie der zweiten Hälfte des XVIII. Jahrhunderts; in: Bettendorf 1980 - Aspekte einer Kulturlandschaft; erausgi vun de Pompjeën a vun der Duefmusek vu Bettenduerf; Lëtzebuerg, 1980; Ss. 309-322.