Fernand Wark

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Ferdinand Jean Wark genannt Fernand, gebuer den 1. September 1919 op der Neimille bei Bilschdref, a gestuerwen de 15. November 1994 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sänger, Kabarettist a Schauspiller.

Vu Beruff war de Fernand Wark Bäcker a Reesender. Bekannt gouf en duerch seng Optrëtter an der Revue a bei den Zéiunge vun der Nationallotterie, dacks zesumme mat senger Fra Colette Hoffmann, als Duo Colette a Fernand (tëscht 1957 an 1992). Hien ass och Auteur vu Sketcher a Liddertexter.

Wierker [änneren]

  • De Jangli fiert den Houwald erop (1951; 1964 als Plack erauskomm)
  • Ech drénke gier mäi Pättchen (1966, Musek vum Greg Denis)
  • D'Hechtercher aus der Stad (1965)
  • Hei kann ech net bleiwen (1966)
  • Mir sinn um Dill (1966; Text: Pir Kremer, Musek: Josy Meisch)
  • D'Footballslidd (1967)
  • Neen déi Schnëss (1970)
  • De' Freschen/De Brédewé an d'Sichegâss
  • Wann é lâcht... 1-9 (Singele mat Witzer a Sketcher)
  • Lëtzebuerger Spezialitéiten (2 Vol. 1976 an 1978)
  • Déi schéinst Märercher vun de Bridder Grimm (2 Vol. 1977 an 1979)
  • Dee klenge Bistrot (Adaptatioun vum Pierre Kartner sengem Het kleine café aan de haven)
  • Colette a Fernand sangen hir bescht Lidder (1993)
  • Lëtzebuerger Sketscher (1996)

Um Spaweck [änneren]

Kurzbiographie vum Fernand Wark (Commune de Rambrouch)