Fernande Marx

Vu Wikipedia
Fernande Marx
Gebuer 7. Abrëll 1908
Gestuerwen 13. Juni 1946

D'Fernande Marx gebuer Vasilescu, de 7. Abrëll 1908 zu Ploesti a Rumänien, bestuet mam Dr. Charles Marx de 16. Mee 1938, gestuerwen den 13. Juni 1946 bei engem Autosaccident zu La Ferté-sous-Jouarre (Meaux), war eng lëtzebuergesch Fraerechtlerin.

D'Fernande Marx war Matgrënnerin vun der Union des femmes luxembourgeoises (UFL). Si huet d'UFL och um 1. Weltkongress vun der Union Internationale Démocratique des Femmes vertrueden, wou si als permanent Delegéiert fir Lëtzebuerg am Comité Mondial des Femmes gewielt gouf.