Fernando Botero

Vu Wikipedia
Fernando Botero
Gebuertsnumm Luis Fernando Botero Angulo
Gebuer 19. Abrëll 1932
Medellín
Gestuerwen 15. September 2023
Monaco
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Kolumbien, Frankräich
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Zeechner, Illustrateur, Bauzeechner
Member vun Bayerische Akademie der Schönen Künste
Päerd zu Berlin, 2007

De Fernando Botero, gebuer den 19. Abrëll 1932 zu Medellín a gestuerwen de 15. September 2023 zu Monaco[1], war e kolumbianesche Moler an zënter 1976 och Sculpteur.

De Fernando Botero war ee vun de bekanntste plastesche Kënschtler aus Latäinamerika.

Hien huet en eegene Stil entwéckelt, op deem figurativ Mënschen oder Déieren a verschiddene Situatioune gewise ginn, woubäi hir Partikularitéit ass, datt hir Proportiounen iwwerzeechent sinn, an anere Wierder, alles zimmlech mockeleg ausgesäit. Gär huet hie fir seng Sujeten Virbiller aus der Konschtgeschicht geholl, wéi d'Mona Lisa oder Biller vu Rubens bis Picasso.

Och seng Skulpture sinn no deene Prinzipie geschaf. Dës si reegelméisseg och an Europa ze gesinn, z. B. goufen der 1992 op de Champs-Élysées ausgestallt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Werner Spies: Fernando Botero. Prestel, München 1997, ISBN 3-7913-1810-1.
  • C. Sylvia Weber (Hrsg.): Fernando Botero. aus dem Spanischen von Elke Wehr. Swiridoff, Künzelsau 2005, ISBN 3-89929-054-2. (Katalog zur Ausstellung 11. November 2005 bis 17. April 2006 in der Kunsthalle Würth, Schwäbisch Hall)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fernando Botero – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. MSN. www.msn.com. Gekuckt de(n) 2023-09-15.