Ferrantia

Vu Wikipedia
Ferrantia, Vol. 53

Ferrantia ass den Numm vun enger wëssenschaftlecher Publikatiounsserie déi den Naturmusée erausgëtt. D'Serie ass nom Victor Ferrant (1856-1942), dem lëtzebuergeschen Zoolog a fréiere Conservateur am Naturmusée benannt.

D'Ferrantia verëffentlecht d'Resultater vu Fuerschungsaarbechten am Beräich vun den Naturwëssenschaften, haaptsächlech vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. Déi meescht Bänn enthalen eng Aarbecht, eng Rei anerer e puer Aarbechten zu engem bestëmmte Sujet. D'Texter sinn op Däitsch, Franséisch oder Englesch geschriwwen.

D'Bänn vun der Serie kommen onreegelméisseg eraus, jee no Bedarf.

  • 1980-1999: 32 Bänn, mat lafender Nummer, kommen ënner dem Numm Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg eraus.
  • 2002: vum Band 33 un kritt d'Serie en neien, méi kuerzen Numm (Ferrantia), behält awer deen alen Numm als Zousaz.

Bis 2012 sinn am Ganzen 68 Bänn erauskomm.

D'Serie huet d'ISSN-Nummer: 1682-5519.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]