Ferschweiler

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ferschweiler
Wappen Ferschweiler.png
Land: Flag of Germany.svg Däitschland
Bundesland : Coat of arms of Rhineland-Palatinate.svg Rheinland-Pfalz
Landkrees : Wappen Eifelkreis Bitburg-Prüm.png Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng : Wap vg irrel.gif Irrel
Fläch : 741 ha
Awunner : 872 (31. Dez. 2010)
Koordinaten : 49° 51' 47.29" N
06° 24' 18.67" O
Lag vun der Uertschaft
Lag vun der Uertschaft


Ferschweiler ass eng Uertsgemeng vun der Verbandsgemeng Irrel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark a Rheinland-Pfalz.

Se läit op engem Plateau vum Lëtzebuerger Sandsteen, Ferschweiler Plateau genannt.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

Ferschweiler gouf eng éischte Kéier 751 an enger Charte vum Klouschter Iechternach als Vilare ernimmt; et gëtt ugeholl, datt et op Reschter vun enger réimescher Besidlung zeréckgefouert ka ginn. Bis un d'Enn vum 18. Jorhonnert ass d'Gechicht vu Ferschweiler enk mam Klouschter Iechternach verbonnen, deem et weltlech wéi kierchlech ënnerstallt war. A Chartë vun 1069 an 1148 gëtt d'Uertschaft Wilre genannt, als Vertswiler gëtt 1161 eng „ecclesia“, 1410 eng Kapell ernimmt. 1528 gouf et zu Verswiler néng Stéit.

1538 gouf eng Kierch am spéitgotesche Stil gebaut; den Tuerm dovunner, no der Hl. Lucie Luzienturm genannt, steet nach haut do.

[änneren] Awunner

  • 1815 – 418
  • 1835 – 746
  • 1871 – 697
  • 1905 – 761
  • 1939 – 1151
  • 1950 – 834
  • 1961 – 996
  • 1965 – 950
  • 1970 – 965
  • 1975 – 941
  • 1980 – 912
  • 1985 – 905
  • 1987 – 877
  • 1990 – 921
  • 1995 – 903
  • 2000 – 866
  • 2005 – 893
  • 2007 – 886

Datequell: Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz

[änneren] Kuckeswäertes

  • * De Luzienturm.
  • D'Ferschweiler Mille vu 1767 am Dall vun der Weilerbaach.
  • D'Parkierch St. Luzia, 1826 gebaut, an no 1947 restauréiert.

[änneren] Literatur

  • Christian Oberweis: Der Ferschweiler Leute Buch, 2001.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Ferschweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen