Ferschweiler Plateau

Vu Wikipedia
D'Fraubillenkreuz

De Ferschweiler Plateau, op deem ënner anerem d'Uertschafte Ferschweiler an Ernzen leien, ass en Héichplateau an der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz. Landschaftlech zielt en zu der Südäifel; geologesch gesinn läit en um Lëtzebuerger Sandsteen (Hettangien) an ass souzesoen de Pendant zu der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz déi Säit der Sauer.

De Ferschweiler Plateau ass besonnesch bekannt fir seng sëllegen neolithesch Plazen. Zu de remarkabelsten zielen dat sougenannt Fraubillenkreuz, e Megalith, dee 4,50 m héich war an der So no vum Missionnaire Willibrord selwer an e Kräiz ëmgemeesselt gouf (dat haut just nach 3,5 m grouss ass), souwéi de Langstein an den Druidensteen.

Um Bord vum Plateau ass d'Teufelsschlucht, en imposante Fielsschloff, an och en neolitheschet an e gallo-réimescht Griewerfeld.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

7