Festung Lëtzebuerg
D'Festung Lëtzebuerg war, bis datt se an de Joren no 1867 ofgerappt gouf, eng Befestegungsanlag ronderëm d'Stad Lëtzebuerg, déi vu grousser strategescher Bedeitung an der Regioun war an dofir am Laf vun de Joerhonnerten ëmmer erëm besat gouf.
Inhaltsverzeechnes |
Réimerkastell [änneren]
D'Ufänk vun der Festung Lëtzebuerg ware ganz bescheiden. An der Réimerzäit hu sech um Plateau iwwert Uelzecht a Péitruss zwee Kieme gekräizt, deen, dee vun Arel op Tréier gaangen ass, an deen, dee vun Diddenuewen derbäikoum. Ronderëm dës Kräizung huet sech an engem Krees eng hëlze Palissad gezunn, hannert där sech d'Bauere bäi engem Iwwerfall zréckzéie konnten. Net wäit ewech, um Bockfiels, gouf et e klengt réimescht Kastell dat Lucilinburhuc genannt gouf - dorauser huet sech iwwer Lützelburg spéider de Landesnumm Lëtzebuerg erausgebilt.
Buerg [änneren]
Nom Réckzuch vun de Réimer stoung dat Kastell eidel an ass ëmmer méi verfall. Am Joer 963 huet den Ardennergrof Siegfried sech an engem Tosch mat der Tréierer Abtei St. Maximin de Bockfiels mat den Iwwerrechter vum Kastell geséchert an dorobber eng éischt kleng Buerg gebaut, déi mat enger hëlzener Zuchbréck mam Plateau verbonne war. Mat der Zäit huet sech um Plateau eng Siidlung gebilt, déi ronn zweehonnert Joer méi spéit zu enger klenger Stad gewuess ass a Mëtt vum 12. Joerhonnert endlech duerch eng fest Stadmauer op der Héicht vun der haiteger rue du fossé protegéiert gouf. Am 14. Joerhonnert koum nach eng zweet Stadmauer derbäi, déi de Gronn an d'Rumm ëmschloss huet, an dunn och nach eng drëtt, déi d'Stadgebitt bis op d'Héicht vum haitege Boulevard Royal erweidert huet.
Festung [änneren]
1443 huet de Philippe de Gudden d'Stad Lëtzebuerg nuets duerch en Iwwerraschungsugrëff iwwerrompelt (virdru war se och scho seng, mä just als Gage). D'Festung als solch huet dovunner just profitéiert, well all friemen Här huet versicht, se méi grouss, besser duerchduecht a méi staark ze maachen. Op de Pläng, ënnen op dëser Säit, gesäit ee gutt, wéi se bannent 200 Joer vun enger einfacher Mauer mat Gruef zu engem héichsophisitikéierte Verdeedegungssystem ausgebaut gouf.
Grondsätzlech kann ee soen:
- d'Fransousen hunn alles eckeg gemaach;
- d'Spuenier hunn alles ënnerhillecht;
- d'Preisen hunn alles bommefest gemaach.
Schlussendlech huet d'Festung Lëtzebuerg aus dräi Festungswäll bestanen, op enger Fläch vun 180 ha (d'Stad selwer hat just eng Fläch vun 120 ha). Banne gouf et eng Abberzuel Bastiounen, an der Mëtt 15 Forten a ronderëm nach eng Kéier 9 Bausseforten. En Netz vun 23 km Kasematte war verbonne mat iwwer 40.000 m2 bommeséchere Raim. Do ass et kee Wonner, datt d'Festung de Spëtznumm Gibraltar vum Norde krut, als Uspillung op den onbezwongene Fiels Gibraltar op der Südspëtz vun der Iberescher Hallefinsel. D'Festung Lëtzebuerg ass effektiv ni militäresch bezwonge ginn. 1443 hat wéi gesot de Philippe de Gudden d'Stad duerch en Iwwerraschungsugrëff ouni Géigewier geholl, a spéider hunn d'Häre vun der Festung just gewiesselt, wann d'Festungsgarnisoun duerch batteren Honger gezwonge war, d'Paarte vun der Stad fräiwëlleg opzemaachen.
D'Ofrappe vun der Festung [änneren]
An der Mëtt vum 19. Joerhonnert war d'Groussherzogtum Lëtzebuerg onofhängeg an hat als Groussherzog de Wëllem III., dee gläichzäiteg och Kinnek vun Holland war. D'Land war e Memberstaat vun der Konfederatioun vum Däitsche Bond an hat dowéinst eng konfederéiert Garnisoun an der Festung, déi vun de Preise gestallt gouf. Wéi den Däische Bond sech 1866 no der preisescher Victoire am Däitsch-Éisträichesche Krich opgeléist huet, gouf en duerch den Norddäitsche Bond, engem Federatiounsstaat, ersat, dee Lëtzebuerg awer net mat abegraff huet. Déi preisesch Garnisoun ass trotzdeem emol nach an der Festung bliwwen. De Wëllem III. wollt vun der onklorer Situatioun profitéieren an d'Festung Lëtzebuerg un den Napoléon III. verkafen. Domadder war de Bismarck awer net d'accord, an et wier bal zum engem däitsch-franséische Krich komm.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerg-Kris ![]()
Wann et 1870-1871 zwar effektiv souwäit war, sou konnt 1867 de Fridden awer nach eng Kéier gerett ginn: am Londoner Protokoll ass festgehale ginn, datt déi convoitéiert Festung ofgerappt, a Lëtzebuerg éiweg neutral sollt sinn.
Ganzer 16 Joer, vun 1867 bis 1883, sollt et daueren, bis datt d'Schleefe vun der Festung endlech ofgeschloss war. Dëst gouf vu lokalen Entrepreneure gemaach, déi fir déi Aufgab bezuelt hunn an am Géigenzuch d'Steng vun de Festungsmaueren a -gebailechkeeten hale konnten. Dat ganzt ass chaotesch vir sech gaangen, esou datt irrelevant Deeler vun der Festung komplett gesprengt goufen, mä bäi strategesch wichtege Baute gefuddelt gouf, andeems just den ieweschte Stack gesprengt an iwwert de Rescht einfach Buedem getippt gouf. Et konnt awer duerchgesat ginn, dat e puer "Kennzeeche" vun der Stad der Nowelt nach sollen erhale bleiwen: déi dräi Tierm aus der zweeter Stadmauer, d'Vaubans Tierm am Pafendall, den Agank vum Fort Thüngen op den dräi Eechelen, den Huelen Zant um Bock an d'Schlassbréck, de Stierchen am Gronn, d'Tréirer Paart mat den d'Tierm an de Kasären op der Rumm, verschidde Gebailechkeeten um Helleg-Geescht-Plateau an hei an do nach e Spueneschen Tiermchen.
Wat hautdesdaags deem engen oder aneren als grouss Zerstéirung vun eemolege Bauwierker schéngt, war deemools fir d'Leit eng grouss Befreiung. Zënter dem 14. Joerhonnert konnt d'Stad nämlech net méi wuessen, wéinst militäreschen Iwwerleeunge war et bis op Ausname verbueden, nei Haiser an a ronderëm d'Stad ze bauen. Wéi de Korsseli vun de Festungsanlagen awer bis ewechgefall ass, du konnt d'Stad sech erëm entwéckelen. Am Süden huet d'Nei Bréck de Plateau Bourbon zougänglech gemaach an am Westen ass de Boulevard Royal gebaut ginn, mat hannendrun dem grousse Stadpark.
Literatur [änneren]
- Engelhardt, Friedrich Wilhelm, 1850: Geschichte der Stadt und Festung Luxemburg: seit ihrer ersten Entstehung bis auf unsere Tage, mit besonderer Rücksicht auf die kriegsgeschichtlichen Ereignisse, nebst Plan der Stadt und statistischer Einleitung
- Savin, Cyrille, 2007. Luxembourg, histoire et mémoire d'une ville fortifiée. Erausgi vum Service des sites et monuments nationaux. Ouni Numm vun der Dréckerei, 118 S. ISBN 978-2-919883-36-3
Billergalerie [änneren]
Kuckt och [änneren]
Militärarchitektur: Approche - Bockellinn - Caponnière - Contre-escarpe - Courtine - Enveloppe - Escarpe - Glacis - Kasematt - Ravelin - Redoute - Reduit - Zitadell
Festung Lëtzebuerg: Festung Lëtzebuerg mat: Bastioun Louis - Fort Olizy - Fort Thüngen - Kasematten - Malakoff-Tuerm - Nei Paart - Spueneschen Tiermchen
Festungen an der Belsch: Fort de Tancrémont - Fort de Battice - Fort d'Aubin-Neufchâteau - Fort d'Eben Emael - Fort d'Évegnée-Tignée - La Chartreuse
Festungen a Frankräich: Maginot-Linn - Château d'If - Fort d'Illange - Fort de Villy-La Ferté - Fort de la Pompelle - Zitadell Montmédy - Tour Solidor - Fort de Charlemont
Festungen an Italien: Festunge vu Folgaria - Trentiner Festungen
Festungen an Norwegen: Festung Akershus
Festungen a Portugal: Fortaleza de Sagres - Tuerm vu Belém
Festungen an den USA: Alcatraz
- De Béinchen, fréier Festungsbréck am Pafendall
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Festung Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |