Fiat Cinquecento
| Dësen Artikel beschreift de Fiat Cinquecento vun 1992. Modeller bis 1976 sinn ënner Fiat 500 erëmzefannen. |
An den 1992-1998'er Joren huet Fiat en neie 500er gebaut, den Cinquecento, deen awer, bis op den Numm, näischt mat sengem legendäre Virgänger ze dinn hat.
Seng Motorversioune vun 0,7, 0,9 an 1,1 Liter Hubraum an een no deemolegen Ufuerderungen uspriechendem Design hunn aus dem Cinquecento een Auto mat eegestännegem Image gemaach. D'Mall vum klengste Fiat huet 170 Liter, mat ëmgeklappte Récksëtzer léisst se sech awer op 810 Liter vergréisseren.
Den Nofolger gouf de Seicento (600), deen technesch op dem Cinquecento baséiert. De Fiat Seicento gëtt nach haut produzéiert.
De Fiat Cinquecento gouf haaptsächlech zu Tychy bei Krakau (Polen) gebaut an et sinn iwwer eng Millioun Exemplare vum Band gelaf, woubäi et en a verschiddene Versiounen ze kafe gouf.
Dëst weist sech och doranner, datt vill Tuningfirmen Interessen um Cinquecento fonnt hunn, wat fir e Klengstauto net selbstverständlech ass.
Verschidden Agrëffer vun dësen Tuner hunn den Cinquecento schonn op 75kW (102 PS) mat Turbolueder beim 1108 cm³ Modell bruecht (mat Stroossenerlaabnes)
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Cinquecento 700cm³
Dës Variant ass de klengsten Cinquecento a gläichzäiteg och den eelsten. Se gouf schonns 1991 a Polen gebaut. Spéiderhi gouf den Auto an Cinquecento ED oder Young ëmgedeeft.
Den Auto sollt en Nofolger gi fir de Fiat 126p, deen a Polen wäit verbreet war. Aus dëse Grënn gouf probéiert de Präis vum Auto stark erofzedrécken. D'Ausstattung ass deementspriechend moer ausgefall. Den niddrege Präis mierkt ee schonns um Motor, deen onverännert vum Fiat 126p BIS iwwerholl gouf. Et ass en Zweezylinder-Vergasermotor mat 704 cm³ an 23 kW an enger 4-Gang-Schaltung. Ufanks gouf den Auto ouni Katalysator ugebueden, wat sech awer no der Aféierung vun den Ofgasnorme geännert huet. Déi hënnescht Fënstere losse sech net opmaachen an et gouf keng Scheiwewëschanlag fir d'Heckscheif.
Den Cinquecento ED mat 703 cm³ gouf vun Dezember 1991 bis Oktober 1998 produzéiert a war nëmme fir de polnesche Maart geduecht, gouf awer och an Italien ugebueden. An Däitschland ass dee Modell ni ugebueden ginn.
[änneren] Aner Cinquecento Modeller
[änneren] Cinquecento 0.9 i.e.
Déi eigentlech Standardversioun mat Véierzylindermotor an 29 kW bei 899 cm³ Hubraum. Säi maximalen Dréimoment vu 65 Nm erreecht e bei 3.000 U/min. En erfëllt d'Euro 1 Ofgasnorm a spéiderhin d'D3 Norm. De kompakte Fiat beschleunegt an 18 Sekonnen vun 0 op 100, ass maximal 140 km/h séier a verbrauch 6,1 Liter Super op 100 km.
D'5-Gang-Schaltung gehéiert zur Serienaustattung.
[änneren] Cinquecento 0.9 i.e.S
Dëse Modell gëtt vum selwechte Motor ugedriwwe wéi den 0.9 i.e. Basismodell.
Den Cinquecento 0.9 i.e.S ass serieméisseg mat 5-Gang-Schaltung, vun banne verstellbare Spigelen, wäermtdämmender Verglasung, Digitalauer, Ausstellfënsteren hannen, Fernentrigelung fir d'Mall an an de leschte Serië mat Airbag op der Chauffeurssäit aus der Fabréck komm. Fir e Klengstauto war dat zu där Zäit net dacks vertrueden.
[änneren] Cinquecento 0.9 i.e. SX
Dëse Modell gëtt och vum 0,9_Liter-Motor ugedriwwen. E gouf allerdéngs elektresch Fensterhiewer, Stoussdämpfer, déi an der Autosfaarf lackéiert sinn, eenzelfaarweg hënnescht Luuchten, wäiss Winker an enger Mëttelconsole erweidert. Zentralverrigelung, Metallic-Lackéierung an asymmetresch gedeelt Récksëtzer waren op Wonsch och ze kréien.
[änneren] Cinquecento Suite 0.9 i.e.
Déi Versioun vum Cinquecento huet eendeiteg op Comfort geziilt an hat serieméisseg Klimaanlag, elektresch Fensterhiewer an Zentralverrigelung. Als Motor gouf och hei d'0,9-Liter Variant agebaut.
[änneren] Cinquecento Sporting
Déi sportlech Versioun vum Cinquecento hat e sportlecht Fuerwierk a war e kompakten a relativ leeschtungsfäegen Auto. De Sporting gëtt vun engem 1,1-Liter-Véierzylindermotor mat Asprëtzanlag ugedriwwen, dee 40 kW (55 PS) bei 5.500 U/min leescht an e maximalen Dréimoment vu 86 Nm bei 3.250 U/min erreecht. Esou sprint deen nëmme 735 kg liichten Auto an 13,8 Sekonnen vun 0 op 100 an ass bis zu 150 km/h séier.
Mat déifgeluechtem Chassis, haart ofgestëmmte Stoussdämpfer an engem Stabilisator un der viischter Achs gouf den Auto un déi méi héich Ufuerderungen ugepasst. De Sporting hat serieméisseg Sportsëtzer, Liederssteierrad, Liichtmetallfelgen an en Dréizuelmiesser. Elektresch Fensterhiewer oder Zentralverrigelung gouf et nëmmen als Extra.
[änneren] Cinquecento Turbo
Fir den Cinquecento Sporting hunn Tuningfirmen ewéi Novitec, Hörmann, G-Tech, a Merkur Turbo-Embausätz ugebueden, dei de klengen Cinquecento a 7,9 Sekonnen vun 0 op 100 beschleunegt hunn. Mat entspriechende Motorofstëmmungen war esou fir den Cinquecento d'200-km/h-Grenz kee Problem méi. No där Modifikatioun hat den Auto bis zu 74 kW (102 PS).
[änneren] Weblinks
| Commons: Fiat Cinquecento – Biller, Videoen oder Audiodateien |