Ficellesbréck zu Dikrech

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Ficellesbréck am Summer 2006

Déi sougenannte Ficellesbréck zu Dikrech ass eng Bréck déi fir Foussgänger a Vëlosfuerer reservéiert ass. Den Numm Ficellesbréck kënnt vun de schwaarze stole Seeler, déi wéi Ficellen ausgesinn.

Déi stole Schréiseelbréck, gebaut am Hallefharfesystem, gouf 1974 gebaut an huet eng total Längt vu 65 Meter. Den Tablier ass aus Béton armé an dat klengt Feld huet eng Längt vu 15 m. D'Haaptfeld iwwerspaant op 50 m d'Sauer a féiert vun der Dikrecher Gare an de Quartier Sauerwiss.

D'Bréck steet op där Plaz wou fréier eng Eisebunnsbréck vun der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg stoung.

[änneren] Literatur

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht