Fiicht

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ficht)
Fiicht
Eng Fiicht
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Nolholzplanzen
Uerdnung Pinales
Famill Pinaceae
Gattung Fiichten
Aart Fiicht
Wëssenschaftlechen Numm
Picea abies
(L.) - H.Karst


D'Fiicht oder Ficht (Picea abies) ass en Nolebam aus der Famill vun de Pinacea vun der Gattung Picea (Fiichten).

Fiichte gi gewéinlech 35-40 Meter héich, méi seele bis zu 60 m. De Stamm huet en Duerchmiesser vu gewéinlech net méi wéi 1.5 m. Si kënnen 300-400 Joer al ginn, méi rar bis zu 500 Joer. 2008 gouf a Schweden allerdéngs eng Fiicht entdeckt, déi ëm déi 8.000 Joer al ass[1].

D'Fiicht kënnt praktesch a ganz Europa vir, vun den Alpe bis a Lappland, am Balkan, an a Russland. Am Oste geet se lues a lues an déi sibiresch Fiicht (Picea obovata) iwwer.

Se wiisst als jonke Bam zimmlech séier, dacks mat Schëtz vun iwwer engem Meter, bis op eng Héicht vun ongeféier 20 Meter. Duerno geet de Wuesstem méi lues. Wéinst hirer gudder Masseleeschtung, plazeweis dräimol mol méi wéi d'Bichen, a well d'Holz fir vill Zwecker gebraucht ka ginn, gouf se am Laf vun der Zäit wäit iwwer déi Gebidder, an deene se natierlech virkënnt ugebaut. Dat ass de Fall fir West- an Nordwestdäitschland, zu Lëtzebuerg virun allem am Éislek, an an der Belsch an a Frankräich an den Ardennen. Do huet se op ville Plazen déi Holzaarten, déi natierlech do wuesse verdriwwen.

D'iewescht Bamgrenz vun der Fiicht, läit am Schwarzwald bei 1.400 m, am bayeresche Wald bei 1.300, an an den Alpen tëscht 1.600 an 1.800 m.

D'Fiicht zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg goufen déi éischt Fiichte 1772 an der "Schälheck" (Gemeng Biissen) ugeplanzt. Si goufen 1877 ëmgehaen.[2] Aner fréi Uplanzunge gouf et zu Holzem (1825), Reisduerf (1827) an Holz (1831.)[3]

Eis Virfahren hunn d'Fiicht (op Däitsch: "Fichte") mat der "Tanne", déi hinne grad sou onbekannt war wéi d'Fiicht, verwiesselt a si deemno op Lëtzebuergesch "Dänn" oder "Dännebam" genannt. D'Fiicht dréit dann och logescherweis "Dännenzapen".[4]

D'Fiicht war an der Zäit den typesche lëtzebuergesche Chrëschtbeemchen. Fiichtenholz ass an de Minettsgalerië fir ofzestäipe benotzt ginn, nieft anerem "Dännenholz": Bësch-Kifer, Wäiss Dänn oder Bichen-Dänn (Weißtanne, Edeltanne, Silbertanne), Europäesch Meläs (Lärche).[5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Oldest Living Tree Found in Sweden; Actualité > Le doyen des arbres: un épicéa vieux de près de 8000 ans
  2. Modert, Paul (1982): Von der Nadelholz-Kultur im Luxemburger Land. Letzeburger Bauerekalenner, 34: 143-153.
  3. J.H.G. Krombach (1875): Flore du Grand-Duché de Luxembourg. Plantes phanérogames. Luxembourg, J. Joris, 564 p. (cf. S. 423).
  4. Klees, Henri (1994): Luxemburger Pflanzennamen, 3. Auflage. Institut grand-ducal, Section linguistique: XIV, 182 p. (cf. S. 24).
  5. Lenz, Louis (1997): Der Luxemburger Bergmann in seiner Arbeitswelt im lothringisch-luxemburgischen Minettegebiet. De Minettsdapp, Kultur am Süden, a.s.b.l., 153 p. (cf. S. 86).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Picea abies – Biller, Videoen oder Audiodateien