Fiels

Vu Wikipedia
Fiels
Feels
Vue op FIels mat der Buerg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Larochette
de: Fels
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Fiels
Buergermeeschter Mirko Martellini
Awunner 1.702
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 298 m
Koordinaten 49° 47’ 01’’ N
      06° 13’ 10’’ O

D'Fiels (lokal: Feels[1]) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Miersch a Chef-lieu vun der Gemeng Fiels.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Fiels läit un der Wäisser Iernz.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Fielsser Géigend war schonn zur Réimerzäit bewunnt; bei der Restauratioun vun der Buerg gouf eng réimesch Mënz fonnt.

Vum 11. bis 18. Joerhonnert gouf d'Liewe vun de Buerghären[Wien?] op der Fielsser Buerg bestëmmt.

24. Juni 1865 war e grousst Feier an der Fiels. Déi fréier Parkierch (Nikloskierch) a 75 Haiser falen de Flamen zum Affer. Am ganze Land gouf fir d'Affer gesammelt.

Textilindustrie[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Mëttelalter bis an d'zweet Halschecht vum 20. Joerhonnert huet d'Textilindustrie an der Fiels eng wichteg Roll gespillt.[2] Sou ass beluecht, dass ënnert dem Johann II. von der Feltz d'Fiels vum béimesche Kinnek Jang de Blannen 1343 e Patent krut fir véier Wiefstill ze bedreiwen. An de Joerhonnerten dono waren d'Arméien e wichtege Client, sief et z. B. déi éisträichesch oder franséisch, wie grad Här a Meeschter war, oder zum Schluss d'Lëtzebuerger Arméi, déi 1967, wéi den allgemengen Arméidéngscht ofgeschaf gouf, een Drëttel vun der Produktioun ofkaaft huet.

Vun 1945 bis 1960 huet d'Fielser Textilindustrie floréiert, ma vun do u goung et lues a lues biergof. Mat zum Niddergang bäigedroen hunn allgemeng wirtschaftlech Entwécklungen, wéi d'Opkomme vun neie Produktiounslänner an Asien oder Afrika, oder d'Virléift fir bëlleg Masseproduktioun, déi een dacks auswiessele konnt. Den 10. Mäerz 1970 hunn d'Draperies de Fels (Famill Ginter) zougemaach, 1984 d'Firma Vestimenta (Famill Lewandowski), an 1985 d'Kleederfabréck Ginter-Ginter (Famill Ginter-Bertrang).

Bekannt Produkter aus der Fiels waren Jeans vu Vestimenta, d'"Feelser blo Boxen" oder d'"Tiertechboxen" vu Ginter-Ginter, alles zolidd Gezei, dat als Schaffgezei vun Entreprisë wéi der Arbed, der Post, der Eisebunn, asw. ofkaaft gouf.

An der Marchandisenhal vun der fréierer Fielser Gare ass e klenge Musée, wou verschidde Produktiounsanlagen nom Gebrauch hikoumen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Perséinlechkeeten an d'Fiels[änneren | Quelltext änneren]

De Victor Hugo an d'Fiels[änneren | Quelltext änneren]

A sengem Carnet de voyage schreift de Victor Hugo de 16. Juli 1871 iwwer d'Fiels: .... nous a fait servir un luncheon dans la magnifique salle que fait le grand donjon sans toit. J'ai tout revu avec émotion, le puits, les tours, la chapelle....... J'ai dessiné la ruine.

De Victor Hugo huet d'Buerg aus der Fiels zweemol gemoolt:

  • Souvenir de la Rochette, 16. Juli 1871 (Bläistëftzeechnung 75 x 115 mm)
  • Souvenir de Larochette, 17. Juli (Lavis 110 x 350 mm)

Michel Rodange an der Fiels[änneren | Quelltext änneren]

De Michel Rodange krut den 13. Juli 1854 seng Ernennung als Schoulmeeschter fir d'Oberprimärschoul an der Fiels. Dës Funktioun huet hie bis 1859 ausgeübt. Wärend där Zäit huet hien an der Hënneschter Gaass gewunnt, am Haus vum fréiere Kaploun. 1936, bei der Honnertjoerfeier vun der Fielsser Musek, gouf eng Gedenkplack iwwer der Hausdier vun dësem Haus ubruecht. An der Sëtzung vum 28. Juli 1953 huet de Fielsser Gemengerot beschloss fir déi Strooss "Rue Michel Rodange" ze nennen.

1872 schreift de Michel Rodange a sengem Renert, am Siwente Gesank:

De Léiw louss d'Déier ruffen,
Déi grouss als wéi déi kleng;
Se koumen all mat Hefen
A keemol eent eleng.

Zur "Fiels" am Ärenzdällchen
War hauer och e Fest,
Duer koumen d'Musikanten
An d'Sänger all déi best.

D'Naturalisatiounsgesetz vum Jean-Antoine Zinnen

Jean-Antoine Zinnen an der Fiels[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Antoine Zinnen, Komponist vun "Eiser Heemecht", huet en Deel vu sengem Liewen an der Fiels verbruecht.

Generol Patton an der Fiels[änneren | Quelltext änneren]

De Generol Patton hat fir kuerz Zäit säin Haaptquartéier am Grand-Hôtel de la Poste an der Fiels.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

D'Fiels virum grousse Feier
D'Jangelis Gare

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  2. Quell fir dëst Kapitel, wann net anescht uginn: Paul Ewen: "Feelser blo Boxen." In: forum Nr. 422, November/Dezember 2021, S.45-47.