Fiels
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Vue iwwer d'Buerg op d'Uertschaft | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Larochette de: Fels |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Miersch | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Pierre Wies | ||||||
| Koordinaten: | 49° 47' 01" N 06° 13' 10" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Fiels ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Miersch an Chef-lieu vun der Gemeng Fiels.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geographie
D'Fiels läit un der Wäisser Iernz.
[änneren] Geschicht
D'Fielser Géigend war, wéi et schéngt, schonns zur Réimerzäit bewunnt, bei der Restauratioun vun der Buerg gouf eng réimesch Mënz fonnt.
Vum 11. bis 18. Joerhonnert gouf d'Liewe vun de Buerghären op der Fielser Buerg bestëmmt.
24. Juni 1865: Grousst Feier an der Fiels. Déi fréier Porkierch (Nikloskierch) a 75 Haiser falen de Flamen zum Affer. Am ganze Land gouf fir d'Affer gesammelt.
[änneren] Kuckeswäertes
- D'Buerg Fiels
- D'Kierch Fiels
- D'De-Roebé-Schlass
- D'Haus vum Michel Rodange
- De Musée iwwer d'Textilindustrie an der Fiels
- De Verluerekascht
- Den Ouschterbuer
- Den Haangelsbur
[änneren] Bekannte Perséinlechkeeten an d'Fiels
[änneren] De Victor Hugo an d'Fiels
A sengem Carnet de voyage, schreift de Victor Hugo de 16. Juli 1871 iwwert d'Fiels: .... nous a fait servir un luncheon dans la magnifique salle que fait le grand donjon sans toit.J'ai tout revu avec émotion, le puits, les tours, la chapelle. ...... J'ai dessiné la ruine.
De Victor Hugo huet d'Buerg aus der Fiels zweemol gemoolt:
- Souvenir de la Rochette, 16. Juli 1871 (Bleistëftzeechnung 75 x 115 mm)
- Souvenir de Larochette, 17. Juli (Lavis 110 x 350 mm)
[änneren] De Michel Rodange an der Fiels
De Michel Rodange krut den 13. Juli 1854 seng Ernennung als Schoulmeeschter fir d'Oberprimärschoul an der Fiels. Des Funktioun huet hien bis 1859 ausgeübt. Während där Zäit huet hien an der Hënneschter Gaass gewunnt, am Haus vum fréiere Kaploun. 1936, bei der Honnertjoerfeier vun der Fielser Musek, gouf eng Gedenkplack iwwer der Hausdier vun dësem Haus ubruecht. An der Sëtzung vum 28. Juli, 1953 huet de Fielser Gemengerot beschloss fir déi Strooss "Rue Michel Rodange" ze nennen.
1872 schreift de Michel Rodange a sengem Renert, am Siwente Gesank:
De Léiw louss d'Déier ruffen,
Déi grouss als wéi déi kleng;
Se koumen all mat Hefen
A keemol eent eleng.
Zur "Fiels" am Ärenzdällchen
War hauer och e Fest,
Duer koumen d'Musikanten
An d'Sänger all déi best.
[änneren] De Jean-Antoine Zinnen an der Fiels
De Jean-Antoine Zinnen, Komponist vun "Eiser Heemecht", huet en Deel vun sengem Liewen an der Fiels verbruecht.
[änneren] De Generol Patton an der Fiels
De Generol Patton hat fir kuerz Zäit säin Haaptquartéier am Grand-Hôtel de la Poste an der Fiels.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Fiels
- Syvicol
- Fielser Jugendherberg
- Fielser Industriegeschicht:Schungfabrek Lutgen