Fiels vun Dabo

Vu Wikipedia
De Fiels vun Dabo mat der Kapell Saint-Léon.

De Fiels vun Dabo ass den Hausbierg vun der Uertschaft a Gemeng Dabo am Museldepartement am Grand Est.

De Fiels vun Dabo huet säin héchste Punkt op 647 Meter (ING Frankräich). Et ass en zimmlech haarde Fiels aus roudem Sandsteen. Uewendrop steet d'Kapell Saint-Léon.

De spezielle Relief an d'Expositioun vun dëser Kopp bréngen et mat sech, datt de fiichte Westwand sech do ausreent, an doduerch hunn an dëser Géigend d'Ausleefer vun de Vogesen en Nidderschlag vun iwwer 1.000 Millimeter am Joer, wougéint de Rescht vum Plateau vu Loutrenge bei knapps 800 mm. läit.