Fieseler Fi 156

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Fieseler Storch
Fieseler Storch am Däitschen Musée, virdru. Schwäizer Arméi

D'Fieseler Fi 156 ass een, duerch Propeller ugedriwwene Fliger, dee fir d'éischt 1936 geflunn ass. Entwéckelt a gebaut gouf en an de Gerhard-Fieseler-Wierker zu Kassel. De Fieseler Storch, wéi hie wéinst sengen héijen a starre Been (Riedergestell) genannt gouf, war am Laf vum ganzen Zweete Weltkrich als Verbindungs-, Opklärungs- a Sanitätsfliger am Asaz.

Seng grouss verglaast Kabinn, mat enger ausgezeechenter Vue rondrëm an déi gutt Flucheegeschaften, besonnesch bei niddreger Vitesse (seng Minimal-Vitesse louch ënner 50 km/Stonn) hunn hien ausgezeechent. Si hunn him erlaabt, bei Géigenwand op enger Streck vu nëmmen 20 m ze landen (50m fir ze starten).

De Fieseler Storch ass och doduerch bekannt ginn, datt déi däitsch Testpilotin Hanna Reitsch de 26. Abrëll 1945, kuerz virun der däitscher Kapitulatioun, hire Frënd, de Feldmarschall Robert Ritter von Greim a Berlin ageflunn huet, (op d'Convocatioun vum Hitler hin), an dobäi am zerbombte Berlin an der Noperschaft vum Tiergarten op enger improviséierter Pist gelant ass. D'Fieseler Fi 156, war domat de leschten däitsche Fliger, dee virum Enn vum Drëtte Räich nach zu Berlin gelant ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fieseler Fi 156 Storch – Biller, Videoen oder Audiodateien