Figuren aus Middle-earth

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Déi vum J. R. R. Tolkien an enger Partie vu Romane geschafe Fantasy-Welt Middle-earth ass vun enger Villzuel vu Mënschen, Elben, Hobbits an anere fiktive Wiese bewunnt.

Middle-earth ass e Kontinent op Arda (der Äerd) an eng vun de Plazen aus de Romaner The Hobbit: or There and Back Again, The Lord of the Rings an The Silmarillion.

Folgend Opzieleung bezitt sech um Tolkien seng Romaner. Fir en Iwwerbléck iwwer déi eenzel Vëlker a Rassen kuckt dem Tolkien seng Welt. D'Verfilmung vum Roman The Lord of the Rings an dräi Deeler (kuckt dozou Deel 1, Deel 2 an Deel 3 vum Film) stellt verschidden Zesummenhäng anescht duer.

Eru Ilúvatar[änneren | Quelltext änneren]

Den Eru Ilúvatar (Eru vu Quenya: „deen Een“, Ilúvatar vun Ilúvë – All an Atar – Papp) ass an der Romanwelt vum John Ronald Reuel Tolkien (geneeër: a sengem postum verëffentlechte Wierk The Silmarillion) den transzendente Schëpfergott, deen, wéi an der Ainulindale (der „Musek vun den Hellegen“) beschriwwen, aus senge Gedanken d'Ainur geschaf huet, wat „déi Helleg“ heescht. Hien huet hinnen och déi dräi musikalesch Theme bäibruecht, aus deene spéider Ea, d'Welt, entstehe sollt.

Dat Charakteristescht un dësem Gott ass, datt en – bis op eemol, beim Ënnergang vun Númenor – nimools direkt a seng Schëpfung agräift. Hien erlaabt verschiddenen Ainur awer, op der Welt ze verweilen.

Domat schaaft den Tolkien eng Zort Symbios tëscht Mono- a Polytheismus. Well hie schenkt den Ainur eng schëpferesch Kraaft, mä bezeechent si net als Gëtter.

Den Ilúvatar gouf a Middle-earth selen direkt ugebied. Nëmmen op der Insel Númenor, déi ënnergaangen ass, gouf et eng Kultplaz fir hien.

Ainur[änneren | Quelltext änneren]

D'Ainur si Wiesen, déi aus dem Geescht vum Ilúvatar geschaf goufen; et kann een si irgendwou tëscht chrëschtlech Engelen an heednesch Gëtter anuerdnen. Si hunn déi Grouss Musek gesongen, déi den Ursprong vun Eas, der Welt déi ass, war. D'Geschicht vun dësem Lidd gëtt an der Ainulindale erzielt. Verschidden Ainur sinn op Ea erofkomm. Dëst sinn d'Valar an d'Maiar.

Valar[änneren | Quelltext änneren]

Maiar[änneren | Quelltext änneren]

Elben[änneren | Quelltext änneren]

Stämm[änneren | Quelltext änneren]

Calaquendi[änneren | Quelltext änneren]

Moriquendi[änneren | Quelltext änneren]

Hallefelben[änneren | Quelltext änneren]

Elrond[änneren | Quelltext änneren]

Den Hallefelb Elrond (*525 im Éischten Zäitalter als Jong vun Earendil an Elwing an den Häfen vu Sirion) war ee vun den eelste Gebuerenen an der Zäit vum Här vun de Réng. Wéi säin Zwillingsbrudder Elros (an all Hallefelben) gouf hie virun d'Wiel gestallt, ob hien Elb oder Mënsch soll sinn. Hine huet sech fir dat éischt entscheet, aneschters wéi säi Brudder, dee mat de Mënschen op d'Insel Númenor gezunn ass, an den éischte Kinnek vun den Númenorer ginn ass.

An den Ounrouen ëm Eregion am zweeten Zäitalter huet sech den Elrond an en Dall an de Misty Mountains zréckgezunn an do am joer 1697 Rivendell (Imladris) gegrënnt. Am drëtten Zäitalter huet hie sech mat der Duechter vum Galadriel, der Celebrían, bestuet a gouf Papp vum Elladan, Elrohir and Arwen.

An engem Rod ass hie mat de Mënschen, Zwergen, Elben an dem Frodo zesumme komm, fir z'entscheede wien de Rank vun der Muecht zerstéiere soll. A sengem Haus zu Rivendell heelt hien de Frodo vu senger Wonn, déi dësen duerch den Hexekinnek op der Wiederspëtzt erlidden hat. Hie leet de "Rod vum Elrond", suergt dofir datt d'Dúnedain zur Ënnerstëtzung vu Gondor geschéckt ginn, an huet a senger Regioun selwer matgekämpft. Nom Enn vum Rankkrich huet hien zesumme mam Galadriel, verschiddenen aneren Elben, Gandalf, Bilbo a Frodo Middle-earth a Richtung Valinor verlooss.

Mënschen[änneren | Quelltext änneren]

Edain[änneren | Quelltext änneren]

Dúnedain[änneren | Quelltext änneren]

Mënschen aus Gondor[änneren | Quelltext änneren]

Haradrim[änneren | Quelltext änneren]

Numenórer[änneren | Quelltext änneren]

Ostlingen[änneren | Quelltext änneren]

Rohirrim[änneren | Quelltext änneren]

Mënschen aus Bree[änneren | Quelltext änneren]

Nazgûl[änneren | Quelltext änneren]

Wasa oder Drúedain[änneren | Quelltext änneren]

Beorninger[änneren | Quelltext änneren]

Variags[änneren | Quelltext änneren]

Zwergen[änneren | Quelltext änneren]

Balin[änneren | Quelltext änneren]

De Balin, Jong vum Fundin, huet vun 2763 bis 2994 am drëtten Zäitalter gelieft.

Hien huet den Thráin II. op enger Rees am Joer 2841 vum drëtten Zäitalter begleet, wou den Thráin ëm d'Liewe komm ass. Ee Joerhonnert méi spéit, wéi de Krich tëscht den Zwergen an den Orks ugefaangen huet, huet hie sech dem Thorin Oakenshield ugeschloss. Mat him, 12 aneren Zwergen an dem Hobbit Bilbo Baggins ass hien a Richtung Erebor opgebrach, fir dem Thráin säi Schaz vum Draach Smaug zréckzegewannen. Mam Bilbo, deen hien e puer Joer no hiren Aventuren nacheemol zesumme mam Gandalf an der Shire besicht huet, huet hien eng enk Frëndschaft verbonnen.

Nom Doud vum Draach an der Schluecht vun de fënnef Arméien huet hie sech fir d'éischt um Bierg Erebor néiergelooss. Am Joer 2989 vum drëtten Zäitalter ass hie mat villen aneren Zwergen als hire Chef op Khazad-dûm (Moria) opgebracht, fir dat aalt Zwergeräich nees nei ze grënnen an zu neier Muecht operstoen ze loossen. Fënnef Joer nodeem si ukomm waren, goufe hie vun engem Ork vun hannen erschoss, a Kazad-dûm war veluer.

Gimli[änneren | Quelltext änneren]

De Gimli, Jong vum Gloins, ass am Joer 2879 vum drëtten Zäitalter op d'Welt komm, an huet seng Jugend an den Ered Luin (de 'bloe Bierger') am Nordweste vu Middle-earth verbruecht. Säi Papp Gloin war ee vun den dräizéng Zwergen, mat deenen de Bilbo Baggins sech op de Wee zum Erebor opgemaach huet (kuckt The Hobbit). Och säi Grousspapp Oin war bei dësen dräizéng Zwergen dobäi. Spéider gouf de Gimli Member vun der Gemeinschaft vum Rank. Wéinst der enker Frëndschaft zum Elb Legolas gouf hien och "Elbefrënd" genannt. Zesumme mam Legolas huet hien (als eenzegen Zwerg) am Joer 120 vum véierten Zäitalter Middle-earth verlooss, fir zu Valinor ze liewen.

Hobbits[änneren | Quelltext änneren]

Harfoots[änneren | Quelltext änneren]

Fallohides[änneren | Quelltext änneren]

Stoors[änneren | Quelltext änneren]

Ents[änneren | Quelltext änneren]

Huorns (Baamgeeschter)[änneren | Quelltext änneren]

Orks[änneren | Quelltext änneren]

Snaga[änneren | Quelltext änneren]

Uruk-Hai[änneren | Quelltext änneren]

Goblins[änneren | Quelltext änneren]

Draachen[änneren | Quelltext änneren]

Päerder a Ponyen[änneren | Quelltext änneren]

Aner Wiesen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Figuren aus Middle-earth – Biller, Videoen oder Audiodateien
Arda.Tengwar.png Middle-earth – All d'Artikelen zum Universum vum J. R. R. Tolkien.