Filament (Kosmologie)
Als Filament (engl., lat. „Fuedem, Faser“) bezeechent een d'fuedemfërmeg Verbindungen am Universum tëschent Galaxiëkoup a Superkéip mat enger méi héijer lokaler Galaxiendicht ëm riseg Huelraim (engl. voids) erëm.
Existenz[änneren]
All méiglech Theorie vum Urspronk vun dëse Strukture op allergréisste Skale muss d'Opstellung vun dëse Huelraim/Voids erklären, déi a Gréissten vun ongeféier 100 Mega-parsec (= 326 Millioune Liichtjoer) optrieden.
Wann een déi typesch Eegevitesse vun enger Galaxis bei ronn 600 km/s (= 0,002 c) usetzt, géif et 163 Milliarde Joer daueren, bis eng Galaxis sou een Huelraum duerchkräizt hätt, also ongeféier dat 12facht vum Weltraumalter (ca. 13,7 Milliarde Joer). Also ass et extrem onwahrscheinlech, datt Huelraim duerch eng auswäerts geriichte Bewegung vu Galaxië geformt gouf.
D'Galaxië mussen sech relativ zu de Voids geformt hunn, wou si géigewäerteg sinn, an d'Voids d'Verdeelung vu Galaxië zum Zäitpunkt hirer Genesis reflektéieren.
Well baryonesch (mat Stralung wiessselwierkend, „normal“) Matière am fréien Universum vill zu homogen war, fir gravitativ sou Strukture ze formen, dierft déi eis momentan vëlleg exotesch erschéngend donkel Matière, déi eis nëmmen duerch hir gravitativ Wierkung op d'Galaxiëbewegungen ze gesinn ass, strukturformend gewierkt hunn.
Och eis Mëllechstrooss, déi ronn 2,5 Millioune Liichtjoer vum Andromedaniwwel ewech ass, déi aner Membere vun der Lokaler Grupp an no Galaxiëgruppe maache mam Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup a 65 Millioune Liichtjoer an dem Zentrum vum Coma-Koup (Abell 1656) an dem Leo-Galaxiëkoup (Abell 1367) a ronn 300–450 Millioune Liichtjoer Distanz e risegt Filament. Méiglecherweis ass och d'Grouss Mauer Deel vum Coma-Virgo-Superkoup. Dëst spannwebartegt Objet beweegt sech zum Norma, südlech vum Scorpius, a Richtung vum Groussen Attrakter hin.