Filfla

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Filfla (malt.: Filfola) ass eng Insel vun der Republik Malta a läit 5 km südlech virun der Haaptinsel Malta. Si ass onbewunnt a besteet just aus engem Fiels. D'Fläch ass manner wéi 0,1 km².

Dat eenzegt Gebai datt je op der Insel stoung, war eng Kapell déi 1343 gebaut ginn ass. Si ass awer am Joer 1856 vun engem Äerdbiewen zerstéiert ginn.

D'Insel ass zënter 1980 e Vulleschutz-Reservat a vun 1988 u gëllt eng Spärzon fir de Schëffsverkéier am Radius vun enger Nautescher Meil.

Commons: Filfla – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen