Filip Vujanović

Vu Wikipedia
Filip Vujanović
Gebuertsnumm Филип Вујановић
Gebuer 1. September 1954
Belgrad
Nationalitéit Montenegro
Aktivitéit Politiker

De Filip Vujanović (kyrillesch: Филип Вујановић), gebuer den 1. September 1954 zu Belgrad, Jugoslawien, ass zanter dem 22. Mee 2003 de Staatspresident vun der Republik Montenegro.

De Filip Vujanović huet 1978 säin Droitsstudium op der Universitéit Belgrad ofgeschloss. Bis November 1980 war e Greffier um Arrondissementsgeriicht zu Titograd. Vu Januar 1982 bis Mäerz 1993 huet en als Affekot geschafft. Vun 1993 war en zwee Joer laang Justiz- an duerno bal dräi Joer Inneminister vu Montenegro. 1998 bis 2002 war en, als Nofollger vum Milo Đukanović, Regierungschef.

De 25. November 2002, gouf en, ufanks interimsméisseg, zum Staatspresident vu Montenegro ernannt. Den 11. Mee 2003 gouf en duerch Walen a sengem Amt confirméiert, an och de 6. Abrëll 2008, wéi och eng drëtt Kéier de 7. Abrëll 2013, erëmgewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]