Filippo Inzaghi

Vu Wikipedia
Filippo Inzaghi
De Filippo Inzaghi

De Filippo Inzaghi
De Filippo Inzaghi
Spillerinformatiounen
Vollen Numm Filippo "Pippo" Inzaghi
Gebuertsdag 9. August 1973
Gebuertsplaz PiacenzaItalien
Gréisst 181 cm
Positioun Stiermer
Veräiner an der Jugend
Piacenza Calcio
Veräiner als Aktiven1
Joer Veräin Matcher (Goler)
1991–1995
1992-1993
1993-1994
1995-1996
1996-1997
1997-2001
2001-2012
Piacenza Calcio
UC AlbinoLeffe (geléint)
Hellas Verona (géleint)
AC Parma
Atalanta Bergamo
Juventus Turin
AC Mailand
39 (15)
21 (13)
36 (13)
15 (2)
33 (24)
120 (57)
202 (73)
Nationalekipp
1997-2007 Italien 57 (25)
Statiounen als Trainer
2013-2014
2014-2015
2016-2018
2018-2019
2019-
AC Mailand Jugend
AC Mailand
Venedeg
Bologna
Benevento

1 Nëmme Liga-Matcher.


De Filippo „Pippo“ Inzaghi, gebuer den 9. August 1973 zu Piacenza an Italien, ass e fréieren italieenesche Foussballspiller a momentane Trainer.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Am Veräin[änneren | Quelltext änneren]

Den Inzaghi huet seng Carrière beim FC Piacenza, an der Serie B ugefaangen. Am Joer drop huet hien 13 Goler an 21 Serie-C1-Matcher (drëtt italieenesch Liga) fir UC AlbinoLeffe geschoss.

No jeeweils engem Joer bei Hellas Verona a bei Piacenza, ass den Inzaghi an der Saison 1995/96 beim AC Parma an der Serie A an hien huet do zwéi Goler a 15 Matcher geschoss.

Hien huet sech definitiv an der Saison 1996/97 etabléiert, wéi hien a sengem zweete Joer an der Serie A 24 Goler an 33 Matcher bei Atalanta Bergamo geschoss huet. Den Inzaghi ass wéinst senge gudde Leeschtunge bei Atalanta 1997 op Juventus Turin gewiesselt fir déi hie 4 Saisone mat groussem Erfolleg gespillt huet.

Virun der Saison 2001/02 ass de Filippo Inzaghi bei den AC Mailand gewiesselt[1], mat dem hien 2002/03 d'UEFA Champions League gewonnen huet an 2003/04 säin zweete Scudetto gewonnen huet.

An der Serie-A-Saison 2006/07 huet hien an 20 Matcher zwéi Goler geschoss. De jonke Stiermer Alberto Gilardino ass méi dacks wéi de Filippo Inzaghi an der Liga agesat ginn. An der Champions League ass den Inzaghi erëm virgezu ginn an huet Mailand bis an d'Finall géint den FC Liverpool bruecht an huet d'Finall och gewonnen.

De 4. Dezember 2007 huet de Filippo Inzaghi géint den Celtic FC säin 63. Europapokal-Gol geschoss an ass domat dee Spiller deen déi meescht Goler an der Geschicht vum Europapokal geschoss huet.

Nodeem hien an der Champions League beim 2:2 géint Real Madrid déi zwéi Goler geschoss huet, huet den Inzaghi sech den 10. November 2010 am Match géint US Palermo e Kräizbandrëss agefaangen.

Nodeem säi Vertrag an der Saison 2011/12 ausgelaf ass, ass hie Jugendtrainer am U-16-Beräich ginn.[2] 2013 ass hie Cheftrainer vun der éischter Jugendekipp ginn, AC Mailand Primavera, déi am eegens fir Jugendteamer gemaachte Primavera-Championnat untrëtt.

An der Nationalmannschaft[änneren | Quelltext änneren]

Den Inzaghi hat säin Debut an der italieenescher Nationalekipp den 8. Juni 1997 géint Brasilien.

Mat 25 Goler a 57 Lännermatcher rangéiert hien op der 6. Plaz vun der éiweger "Torschützelëscht" vun Italien.

Spillstil[änneren | Quelltext änneren]

De Filippo Inzaghi gëllt net als groussen Techniker, séiere Sprinter oder physesch staarke Spiller.[3],[4] Säin Defizit u Lafbereetschaft huet den Inzaghi selwer kommentéiert: "Fir ze Lafe sinn anerer do".[5]

Erfolleger[änneren | Quelltext änneren]

Als Nationalspiller[änneren | Quelltext änneren]

Mat senge Veräiner[änneren | Quelltext änneren]

Individuell Erfolleger[änneren | Quelltext änneren]

  • Meescht Goler an der Serie A: 1996/97

Uerden[änneren | Quelltext änneren]

Famill[änneren | Quelltext änneren]

Dem Filippo säi jonke Brudder Simone Inzaghi war och Foussballspiller.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Filippo Inzaghi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Inzaghi e' rossonero Gearchiveerd op 2014-10-31. Gekuckt de(n) 2014-05-28.
  2. http://www.acmilan.com/en/news/show/142540
  3. Archive copy Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2014-05-28.
  4. Archive copy Gearchiveerd op 2012-06-05. Gekuckt de(n) 2014-05-28.
  5. [1]