Film

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Film bezeechent d'Zelluloidmedium op dat d'Filmbiller gedréckt ginn

De Film ass eng Konschtform, déi hiren Ausdrock an der Produktioun vu beweegte Biller fënnt. An der Regel ginn d'Biller mat engem Projekter op eng Leinwand geworf oder op engem Bildschierm gemaach, vu wou aus de Betruechter se erfaasst.

Déi vun der Filmkonscht geschafe Biller sinn ni real beweegt. Et ass éischter sou datt d'Illusioun vun enger Bewegung doduerch entsteet, datt Eenzelbiller (Frames) a séierer Offolleg gewise ginn. Ënnerscheeder an de Biller gi wéinst der Nobildwierkung op der Netzhaut vum mënschlechen A vun enger Vitesse vun ongeféier 12 Biller pro Sekonn als Bewegung erfaasst.

Wiese vun der Filmkonscht[änneren | Quelltext änneren]

D'Filmkonscht erfuerdert en Zesummewierke vu verschiddene kënschtlereche Fäegkeeten, ënner anerem an de Beräicher Dramaturgie, Fotografie (Liichtdesign, Astellungsgréissten) an Tounkonscht. E Filmregisseur leet de Filmprojet, bal d'selwecht wéi e Regisseur dat am Theater mécht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema : Geschicht vum Film 


D'Technik vum Film baut u sech op d'Fotografie op. Alles ass ugaange mat der Entdeckung vum Stroboskopeffet, also dem Fait, datt Eenzelbiller am mënschleche Gehir zu enger Bewegung verschmëlzen, wa se séier genuch ofgespillt ginn.

Den Thomas Edison krut 1891 e Patent fir säi Kinetoskop, mat deem awer just eng Persoun gläichzäiteg e Film kucke konnt. D'Gebridder Auguste a Louis Lumière waren déi éischt déi et fäerdeg bruecht hunn, mat dem Cinématographe Lumière déi beweegte Biller op eng Leinwand ze projezéieren. Den 28. Dezember 1895 weisen se mat hirem Apparat am Salon vum Grand Café zu Paräis deen éischte kommerzielle Film géint Entrée.

1909 gëtt zu Paräis de 35-mm-Film mat der Edisonperforatioun norméiert.

Ufanks konnte Filmer just a Kinoe gewise ginn. An der spéider éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert koum du mam Schlappekino, also dem Fernseh, déi éischt elektresch/elektronesche Variant vum Film op de Maart. An den 1960er Joren huet d'Filmkonscht erëm e Saz no vir gemaach mat der Aféierung vun der Videotechnik, an an den 1990er Joren nees ee amt der Entwécklung vun der Digitaltechnik an der DVD.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Film – Biller, Videoen oder Audiodateien