Fléiz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Fléiz ass am Éislek a Waassergruef deen ugluecht gouf fir Wisen ze bewässeren. Bis an d'Nokrichszäit goufen a villen Deeler vum Éislek, drad esou wéi an aneren Deeler vu Mëtteleuropa Wise bewässert.
Esou Wise gouf et am Siegerland, an der Pfalz, um ieweschte Rhäin an am Schwarzwald.
Déi bekanntest Beispiller a Mëtteleuropa sinn d'Anlagen am Val Venosta a Südtiroul déi do Waale genannt ginn an d'Suonen am Valais an der Schwäiz.

