Fligel (Piano)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Flijel (Piano))
E Fligel ass en Tasteninstrument, eng Zort Piano, bei deem d'Säiten horizontal an enger Rumm gespaant sinn, an dat iwwer e Clavier gespillt gëtt. D'Himmercher schloen dobäi vun ënnen un d'Säiten (beim Piano sinn d'Säite vertikal gespaant, an se gi säitlech ugeschlou).
Den Numm Fligel kënnt vun der geschwongener Form vum Buffet hier, déi e bëssen un e Flillek vun engem Déier erënnert. E Fligel huet 3 Been, an d'Ofdeckung uewendrop kann opgeklappt ginn, fir datt de Klang besser bei d'Publikum kënnt. D'Noutegamme, déi e Fligel ofdeckt, ass indentesch mat där vun engem Piano.
Bekannte Fligelconstructeure sinn ë. a. Bechstein, Blüthner, Bösendorfer, Grotrian-Steinweg, Ibach, Schimmel, Seiler, Steinway a Yamaha.