Floreana

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Galapagos Inselen

Floreana, och Santa Maria genannt, ass eng 173 km² grouss Insel. Si ass eng vun de fënnef bewunnten Insele vum Galápagos-Archipel a gehéiert politesch zu Ecuador.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den offiziellen Numm vun der Insel kënnt vum Juan José Flores, dem éischte President vun Ecuador. De spueneschen Numm Santa Maria staamt vun engem vun de Schëffer vum Christoph Kolumbus, deen d'Insel "entdeckt" huet.

D'Insel huet e vulkaneschen Ursprong, déi vill al Vulkaner goufe vum Wand a vum Waasser ofgedroen, an et gëtt schonn laang keng vulkanesch Aktivitéit méi.

D'Insel déi duerch den Arteräichtum deen et drop gëtt, en tropeschen Aspect huet, ass vu groussem botaneschen Intressi.

Wëllkomm-Schëld op Floreana

Intressant Plaze sinn d'Punta Cormorant an d'Post Office Bay.

Post Office Bay ass eng historesch Plaz wou um Enn vum 18. Joerhonnert en Holzfaass opgeriicht gouf wou e seng Post konnt dra geheien. Am Ufank gouf dës Postplaz vun de Walfëscher benotzt an de Gebrauch ass bliwwen sou datt hautdesdaags och Yachten déi um Passage sinn, an Touristen hire Courrier do afginn.

Op Punta Cormorant gëtt et méi wéi 50 Vulkankegelen. Hei fënnt e vill Rosa Flamingoen an dat kloert Waasser ass ideal fir ze dauchen an de Miersbuedem z'exploréieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Floreana – Biller, Videoen oder Audiodateien