Florin Balaban

Vu Wikipedia
Florin Balaban
Gebuer 16. August 1968
Nationalitéit Rumänien
Aktivitéit Badmintonspiller, Moler
Member vun ARC Kënschtlerkrees

De Florin Balaban, gebuer de 16. August 1968 zu Nicoreşti (Rumänien), ass e rumänesche Karikaturist a Sportler. Als Badminton-Sportler huet de Florin Balaban 1992 fir Rumänien un den olympesche Spiller vu Barcelona deelgeholl. De Florin Balaban ass mat der Diplomingenieurin Sanda Aldea bestuet a si hunn zwee Kanner.

Zanter 1992 schafft de Florin Balaban als fräiberufflechen Illustrater an de Beräicher Karikatur, Cartoon a Comic. Hien huet als Karikaturist fir Zeitungen a verschidde Länner geschafft: Rumänien, Schwäiz, Däitschland a Lëtzebuerg. Zu Lëtzebuerg ass hien editoriale Cartoonist fir international Politik an der lëtzebuergescher Dageszeitung Luxemburger Wort (bis zu hirem Enn och a La Voix du Luxembourg).

Hien huet zesumme mat senger Fra de Musée vun der Karikatur a vum Cartoon zu Veianen, am Haus vum fréiere Buergermeeschter Vic Abens, ageriicht, deen am August 2008 seng Diere fir de Public opgemaach huet.

Schoulen[änneren | Quelltext änneren]

1995 schléisst de Florin Balaban säi Sportstudium op der Universitéit vun Transsylvanien zu Brașov [braˈʃov] of. Am Beräich vun der Konscht ass hien en Autodidakt.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Perséinlech Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Rumänien: 1989 (Oneşti), 1994 (Brașov).
  • Lëtzebuerg: 1997, 1999, 2001-2008.

Perséinlech thematesch Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1994
    • Brașov: Springtime Blues Jazz Festival (Jazz)
    • Coca Cola Jazz Festival (Jazz)
    • Golden Stage Festival (Popmusek)
    • Romanian Tennis Open
  • 1995
    • Brașov: Springtime Blues Jazz Festival (Jazz)
    • Golden Stage Festival (Popmusek)
    • Schwäiz: World Badminton Championships
  • 1997
    • Glasgow (Schottland): World Badminton Championships
    • European summit - Euro
    • Däitschland: German Open (Fiederball)
  • 1999 - Esch-Uelzecht: Caricatures de figures politiques luxembourgeoises.
  • 2000 - Luxembourg Olympic Games
  • 2001 - Luxembourg Seat Open

Gruppenausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Balaban, Florin & Fränz Colling, 2004. Nach méi Elefanten aus der Ronn. 125 S. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]