Florival (Grez-Doiceau)

Vu Wikipedia
Florival
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Wallounesche Brabant
Arrondissement Nivelles
Gemeng Grez-Doiceau
Koordinaten 50° 45’ 40.65’’ N
      04° 39’ 13.52’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6700


Florival ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Grez-Doiceau am Wallounesche Brabant.

Se läit am Dall vun der Dijle déi do d'Grenz mat dem Flämesche Brabant mécht. Südlech vun der Uertschaft leeft den Train an d'Dijle. D'Uertschaft ass un d'Schinnennetz ugeschloss iwwer d'Gare vu Florival op der Linn Léiwen-Ottignies.

Geschicht [1][änneren | Quelltext änneren]

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Florival eng Sektioun vun der fréierer Gemeng Archennes.

Zu Florival gouf et zënnter dem 12. Joerhonnert eng Abtei vun Zisterzienserinnen, eng Dependenz vun der Abtei vu Villers-la-Ville. Vun der Kierch ass bekannt datt se 1538 frësch opgeriicht gouf. Duerno hu sech eng Wiewerei fir Léngen an en Atelier fir d'Léngen ze bleechen installéiert. Donieft hat d'Klouschter op der Dijle eng Käremillen an eng Uelegmillen. 1767 gouf d'Abtei no Pläng vum Architekt Dewez restauréiert. An der Zäit vun der franséischer Revolutioun gouf se zougemaach a 1798[2] verkaaft. Haut ass net méi vill dovun ze gesinn an d'Kierch existéiert och net méi.

Tëscht 1901 an 1996 hat d'Société anonyme des accumulateurs Tudor do eng Batteriëfabréck.

Haut ass zu Florival en Instruktiounscenter vun der Protection civile.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://web.archive.org/web/20120501132631/http://otl-grez-doiceau.be/villArchennesHistoireFr.php L'abbaye de Florival
  2. Dictionnaire des lieux en Wallonnie et à Bruxelles