Flouernumm

Vu Wikipedia
Schëld mat enger falscher Schreifweis

De Flouernumm, ass en Toponym. E bezeechent en iwwerliwwerten Numm vun engem Dällchen, enger Supp, enger Kopp, oder wéi den Numm et seet, vun enger Plaz um Flouer.

Am Kadasterwiesen zu Lëtzebuerg sinn dacks däitsch Flouernimm ze fannen. Dat ass dorop zeréckzeféieren, well däitschsproocheg (hessesch) Beamten, am 19. Joerhonnert, déi mat munneche Lauter, wéi den éi oder ë net eens gi sinn, an déi lëtzebuergesch Nimm no hirem Ouer opgeschriwwen hunn (z. B. "Marktbusch" fir Maartbësch).

Eréischt um Enn vum 20. Joerhonnert goufen dës Nimm op den topographesche Kaarten op Lëtzebuergesch an an déi haiteg Schreifweis gesat.

Dëst ass de Grond dofir, datt ee bis haut sëllege Schreifweise fir déi selwecht Plaz doruechter fënnt, wat duerchaus zu Duerchernee bei Leit suergt, déi sech do net auskennen (z. B. wat Nimm vu Wäilage betrëfft: Ass "Kreitzberg" dat selwecht wéi "Kreizbierg" oder "Kräizbierg"? Ass et "Goellebur", "Göllebour" oder "Gëllebur"?)

Zanter dem 29. Juli 2019 gehéieren d'Haus- an d'Flouernimm zum nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Patrice Schonckert, ouni Datum. Eis Flouernimm vu gëscht bis haut - an de Gemengen Leideleng, Mäerzeg, Sandweiler a Steesel. Service central des imprimés et des fournitures de bureau de l'État.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Flouernimm zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien