Fluchhafe Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Fluchhafe Lëtzebuerg-Findel
LuxAirport (Logo).png
Lokalisatioun
IATA-Code LUX
ICAO-Code ELLX
Land Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distanz zum Stadzentrum 6 km ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg
Héicht 376 m
Koordinaten 49° 37' 35.67" N
06° 12' 41.46" E
LUX (Lëtzebuerg)
LUX
LUX
Basisdaten
Typ Ëffentlech
Erëffnung 1947
Bedreiwergesellschaft Luxembourg Airport Authority
Terminalen 2
Statistik (2013)
Passagéier 2.197.331
Fracht 673.500 t
Fluchbewegungen 80.397
Bunnen
Numm Längt Belag
06/24 4.000 m Asphalt

De Fluchhafe Lëtzebuerg, offiziell Aéroport de Luxembourg genannt, läit um Findel ongeféier 5 km nordëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, um Territoire vun de Gemenge Sandweiler, Nidderaanwen a Lëtzebuerg. De Begrëff Findel gëtt dann och dacks als Metonymie fir de Fluchhafe gebraucht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1939 ass ugefaange ginn, den Terrain riicht ze maachen. Am Zweete Weltkrich war do eng däitsch Schoul fir Segelfliger. 1946 gouf de Fluchhafen offiziell ageweit.

1955 gouf d'Haaptpist vun 2000 op 2830 Meter verlängert, an 1975 gouf se nach eng Kéier méi laang gemaach. Haut ass d'Bunn fir ze lande 4.000 Meter laang.

1975 gouf eng nei Aérogare a Betrib geholl, an 1993 gouf en neien, 35 Meter héije Kontrolltuerm opgeriicht.

2003 gouf mat Aarbechte fir eng nei Aérogare, mat ë. a. engem Uschloss un d'Schinnenetz, ugefaangen. Déi nei Aérogare besteet aus zwéin Terminalen:

  • Terminal A: den Haaptterminal vun der Aérogare gouf de 25. Abrëll 2008 ageweit an den 21. Mee 2008 a Betrib geholl.
  • Terminal B: ass als Annexe zur deemoleger Aerogare gebaut ginn an de 26. Mee 2004 a Betrib gaangen. Nom Check-in an der Haaptaerogare hunn d'Clientë vu méi klenge Lignenavionen (bis zu 50 Passagéier) deen Terminal fir den Transfert bei hiren Avion benotzt. Den Terminal B ass vum Terminal A duerch déi al Aerogare getrennt an ass dofir elo sou laang zou, wéi déi net ofgerappt ass. Duerno sollen déi zwéin Terminalen duerch eng Passerelle matenee verbonne ginn.[1][2]

Donieft gëtt et nach den Terminal GAT (General Aviation Terminal) fir d'Offäerdege vun der aviation générale, also net vu Linneflich, mä vu Privat- oder Firmenavionen. Dësen Terminal leit ofgeleeë vun deenen zwéin aneren am Frachtzentrum vum Fluchhafen. De GAT ass an enger Rekordzäit vun eppes iwwer sechs Méint decidéiert, geplangt a fäerdeg gebaut ginn. D'Inauguratioun war den 1. Februar 2008.[3][4]

Frequenzen[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxembourg Tower 118.1 (Kontrolltuerm, fir d'CTR vum Buedem bis 2500 ft zoustänneg)
  • Luxembourg Approach 118.9 (Radar, fir d'TMA Luxembourg vu 2500 ft bis FL165 zoustänneg, am Norde vun der TMA vun 3500 ft bis FL145, doriwwer BelgoControl an, iwwer FL245, Maastricht UAC)
  • Luxembourg ATIS 134.75 (Informatiounen)
  • Luxembourg Ground 121.9 (Buedem)
  • Luxair Handling/Dispatch 131.625
  • Luxair Cargo 131.8
  • Cargolux Handling 131.775
  • Luxembourg General Aviation Handling 121.85

Virfäll um Fluchhafen[änneren | Quelltext änneren]

An de fréie Moiesstonne vum 6. Oktober 2000 koum et zu engem vun de spektakuläerste Virfäll an der Letzëbuerger Kriminalgeschicht. Convoyeure vun der Geldtransportfirma Brinks ware grad dobäi, 73 Millioune LUF (iwwer 1,8 Mio €) an e Fliger vun der Crossair ze lueden, wéi eng Camionette iwwer d'Virfeld gerannt koum. Sechs schwéierbewaffnet a camoufléiert Männer sinn aus der Camionette erausgesprongen an hunn d'Personal forcéiert, sech op de Buedem ze leeën, während de Chauffer vum Geldtransporter mat enger Panzerfauscht a Schach gehale gouf. Ee vun den Täter ass an de Fliger geklommen an huet sechs Geldsäck erausgeholl. Wéi ee vum Personal probéiert huet ze flüchten, gouf hie vun zwéin Täter an d'Bee geschoss.

Wéi den Täter mat der Panzerfauscht sech eng Kéier kuerz vum Geldtransporter ewechgedréint huet, huet de Chauffer vun der Brinkcamionette Vollgas ginn a probéiert z'entkommen. Direkt hunn d'Täter mat enger Kalaschnikow op den Auto geschoss, an déi zwéi Geldbuete si blesséiert ginn.

D'Täter sinn doropshi geflücht, mä nëmmen e puer Minutte méi spéit op eng Stroossespär vun der Police getraff. Ouni Virwarnung hunn d'Bandite ronn 36-mol op déi zwéi Poliziste geschoss (een huet e Sträifschoss um Kapp ofkritt, deen zweete gouf vun engem Querschléier am Bauch getraff). No enger kuerzer Flucht goufen d'Täter um Scheedhaff vun enger Zivillpatrull beabsichtegt an en Accident verwéckelt. Ee vun den Täter konnt sou verhaft ginn, deen aneren ass dovukomm a konnt bis haut nach net gefaasst ginn.

De Kapp vun der Band soll de Marcel Habran gewiescht sinn, deen allerdéngs bei der Attack net dobäi war.[5]

Fluchgesellschaften an hir Destinatioune vum Findel aus[änneren | Quelltext änneren]

Passagéierflich[änneren | Quelltext änneren]

D'Pist vum Fluchhafe Lëtzebuerg (1991)
Lag vum Fluchhafen ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg.[6]
Kaart vum Fluchhafe Lëtzebuerg.[7]
Den Terminal B vun der Piste aus gesinn.
Den Terminal A vun der Piste aus gesinn.
Checkin an der neier Aérogare (Terminal A)

* 1: Saisonal Flich an der Summervakanz
* 2: Saisonal Flich an der Summersaison
* 3: Saisonal Flich an der Wantersaison
* 4: Saisonal Charter-Flich vun Enn Juni bis Enn Oktober
* 5: Flich am Code-Share, operéiert vu Luxair
* 6: Flich operéiert ënner dem Code AF vun Air France

Frachtflich[änneren | Quelltext änneren]

Statistiken[änneren | Quelltext änneren]

Joer Passagéier Wuerentransport (t) Mouvementer
1946 1.457 1.032
1950 6.525 3.602
1960 55.591 14.125
1970 476.938 26.035
1980 670.159 54.604
1990 1.072.264 142.956 62.714
2000 1.669.484 499.911 85.511
2009 1.551.315 625.462 81.619
2010 1.630.165 735.307 80.494
2011 1.791.231 656.653 83.405
2012 1.919.694 614.906 81.163
2013 2.197.331 673.500 80.397
Quell: Site vun der Administration de la navigation aérienne

2013 koum de Findel am Skytrax-Ranking vun de beschte Fluchhäfe vun der Welt op Plaz 85, nach viru méi groussen a bekannte wéi Moskau-Scheremetjewo oder Berlin-Tegel[8].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fluchhafe Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]