Fluchhafen Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Gedenkstee fir den Escher Fluchhafen an der rue de l'aérodrome zu Esch-Lankelz
Eng Maschinn wéi se deemools op der Fluchlinn Esch-Croydon geflunn ass: De Havilland DH.89 Dragon Rapide

De Fluchhafe vun Esch-Uelzecht gouf 1937 ugeluecht a war bis 1954 a Betrib. E war do wou fréier de Lankelzerweier war, wou haut de Cinquantenaire, e Wunngebitt, ass. Et war deen éischten offizielle Fluchhafen zu Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1928 hat de Lëtzebuerger Fluchpionéier Lou Hemmer erkannt, datt sech déi grouss Wiss op der nërdlecher Stadgrenz vun Esch-Uelzecht gutt fir Fluchzwecker géif eegnen. 1929 koum et dunn zur Grënnung vum Veräin Escher Aéro-Club (ACE). Den 12. Mee 1929, op Päischtsonndeg, gouf do vun deem Veräin a Presenz vun Dausende vu Leit en éischte Fluchmeeting ofgehalen. En zweete Meeting war den 28. September 1930 op der selwechter Plaz. Vun do un huet den Escher Aéro-Club all Joer e Fluchmeeting organiséiert.

De 6. Oktober 1935 si beim Fluchmeeting zu Esch de franséische Pilot Dr. Feuillade vum Aéro-Club Verdun a seng Begleederin déidlech verongléckt. Den Dag virdru war och schonn den Escher René Wolff, dee Pilot an der belscher Arméi war, mat senger Maschinn déidlech verongléckt. Duerch déi Accidenter huet den Escher Aéro-Club e puer Méint duerno mat sengen Aktivitéiten opgehalen.

Awer schonn e puer Méint méi spéit, den 3. Abrëll 1936, gouf vun enger anerer Grupp Escher Leit deen neie Veräin Aéro-Club du Bassin Minier (ACBM) gegrënnt, deen um Ausbau vum Escher Fluchfeld matgehollef huet. Et gouf och eng Fluchhafegesellschaft gegrënnt, d'Société anonyme pour l'aménagement et l'exploitation de l'aérodrome d'Esch-sur-Alzette. Bei béiden Organisatioune war de Guillaume Theves de President. Mat Hëllef vun der Gemengeverwaltung an duerch de Pionéiergeescht an d'Privatinitiativ vun enger Rei Escher Bierger ass dat primitiivt Fluchfeld zu engem Fluchhafen ausgebaut ginn. Dobäi gouf och eng Fluchhal vu 24 x 14 Meter opgeriicht.

Déi offiziell Ouverture vum Escher Fluchhafen war de 26. September 1937. D'Aweiung ass vum Escher Buergermeeschter Hubert Clement gemaach ginn. D'Groussherzogin Charlotte an de Prënz Felix haten d'Protektorat vum Fluchmeeting iwwerholl.

Den Escher Fluchhafe gouf haaptsächlech fir sportlech an touristesch Zwecker benotzt. En huet et awer och erméiglecht eng éischt reegelméisseg Fluchlinn opzemaachen. Déi éischt Fluchlinn Croydon - Esch - Croydon ass vun der privater englescher Firma Olley-Air-Service bedriwwe ginn.

Déi éischt Landung vun engem Fliger vun där Linn war den 1. Abrëll 1938, no enger Verspéidung vun 2 Stonne mat enger Tëschelandung um Fluchhafen Haren bei Bréissel, déi duerch Niwwel an den Ardenne bedingt war. Dat war awer nëmmen e Prouffluch, den eigentleche Linnendéngscht huet eréischt de 6. Mee 1938 ugefaangen an huet bis de September 1939, zweemol an der Woch, mam Doppeldecker The Luxembourg Listener vum Typ de Havilland Dragon funktionéiert, deen ausser Passagéier haaptsächlech Courrier vu Radio Luxembourg transportéiert huet. D'Maschinn hat d'Kennzeechen LX-LAD op der Derive mam Roude Léiw driwwer.

De 26. Mee 1938 war d'Aweiung vum Clubhaus vum ACBM verbonne mat engem Fluchfest.

Den 3. Juli 1938 war zu Esch e Fluchtreffe vu Militärmedeziner am Kader vun engem internationale Kongress vu Militärmedeziner zu Lëtzebuerg.

Den 2. September 1939 gouf duerch groussherzogleche Beschloss d'Fligerei zu Lëtzebuerg agestallt an d'Iwwerfléie vum Land ass verbuede ginn. Dëse Beschloss gouf de 17. September 1945 nees opgehuewen an den Escher Fluchhafen huet der amerikanescher Arméi als Basis fir d'Reparatur vun hire Piper-Cub-Fligere gedéngt.

Den Escher Veräin ACMB huet nom Krich verschidden Aktivitéite gemaach fir seng eidel Keesen nees ze fëllen. Nodeem dat duerch e Fligerbal gegléckt war, ass fir 85.000 Frang e Fliger vum Typ Piper Cub (Kennzeechen LX-MAI) ugeschaaft ginn.

De 27. Juli 1945 huet och den Aéro-Club de la Vallée de Kayl an enger Generalversammlung seng nei Statuten ugeholl a sech domat en neien Numm ginn: Club de Vol à Voile du Luxembourg asbl. De Sëtz vun deem Veräi war zu Esch-Uelzecht. Verschidde Membere vun deem Veräin hunn dat beschlagnahmt Fluchmaterial vun der Zwangsverwaltung, der NSFK, opkaaft an dem Veräin et geschenkt. Den 20. Juli 1946 hu se domat d'Aktivitéiten um Escher Fluchhafen nees opgeholl.

Am Joer 1947 ass d'Pilotin Jeanny Erfkemper vun den Escher Seegelfliger erofgefall an ass den 9. Mee un de Follge vum Accident gestuerwen.

Vun der amerikanescher Arméi gouf e Fliger vum Typ Piper Cub kaaft (Kennzeechen LX-REX) dee benotzt ginn ass fir d'Segelfligeren an d'Loft ze kréien.

De Betrib um Escher Fluchhafen ass nach virugaange bis 1954, wou en definitiv zougemaach gouf. Duerch den Ausbau vum Fluchhafe Lëtzebuerg um Findel war kee Bedarf méi do.

D'Stad Esch huet d'Clubhaus iwwerholl an huet dora bis 1971 zwou Spillschoulsklassen ënnerbruecht. 1972 gouf d'Gebai ofgerappt an eng nei Spillschoul gebaut, déi 1975 ënner dem Numm "École de l'Aérodrome" opgoung.

Nom Fluchhafe benannt[änneren | Quelltext änneren]

  • Eng Strooss zu Esch-Uelzecht am Quartier Lankelz: rue de l'aérodrome (PLZ 4012).
  • Eng Spillschoul zu Esch-Uelzecht mam Numm École de l'Aérodrome um Terrain nieft der rue de l'aérodrome.

Gedenksteen[änneren | Quelltext änneren]

  • De 25. Mee 1984 gouf bei Geleeënheet vun der Aweiung vum Escher "Musée de l'Aérodrome" vum de Buergermeeschter Jos Brebsom eng gosse Plack vun der Fonderie d'art Michel Heintz mat der Opschrëft Aérodrome d'Esch/Alzette 1937-1954 ageweit, déi op engem Gedenksteen ubruecht gouf, deen an der rue de l'aérodrome net wäit vun der Spillschoul steet. Bei där Geleeënheet kruten 8 Lëtzebuerger Fluch-Pionéier d'gëlle Medail vun der Stad Esch iwwerreecht: Albertine Nicolay, René Bourkel, Pierre Hamer, Lou Hemmer, Henri Kraemer, Marcel Pesch, Alfred Reckinger a Fred Welter.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • M. Reichling, A. Kemp, R. Kuhn, (Asbl AAMI): Escher Aerodrom 1937-1954, 2003, Éditions Le Phare, ISBN 2-87964-063-6

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Broschür vun der Stad Esch: Inauguration du Musée de l'Aérodrome d'Esch-sur-Alzette vum 25. Mee 1984