Fomalhaut b
Fomalhaut b ass en extrasolare Planéit, dee 25 Liichtjoer vun eis ewech läit. Hien ëmkreest de Stär Formalhaut am Stärebild Piscis Austrinus. Et war deen éischten Exoplanéit, deen direkt, dat heescht optesch am visuellem Liicht, nogewise konnt ginn. Bal gläichzäiteg gouf allerdéngs um HR 8799 e Planéitesystem am infraroudem Liicht entdeckt.
Inhaltsverzeechnes |
Entdeckung [änneren]
Den Haaptreiestär Fomalhaut vun der Spektralklass A war, zënter de 1980er Joren vum Satellit IRAS e grousse Stëbsrank (ähnlech der Kuiperceinture) entdeckt gouf, en Zil fir d'Sich no Planéitesystemer. 2004 gouf duerch Observatioune vum Hubble-Weltraumteleskop festgestallt, datt dës Stëbscheif eng schaarf bannescht Begrenzung huet. Et gouf ugeholl, datt e masseräiche Planéit d'Stëbscheif gravitativ beaflosse misst. E weideren Hiwäis war, datt d'Stëbsscheif elliptesch a net exakt op de Stär zentréiert ass.[1]
Zënter 2001 gëtt de Fomalhaut vun enger Aarbechtsgrupp ëm de Paul Kalas vun der University of California observéiert. Villfach Hubble-Fotoen tëschent 2004 an 2006 weisen e Liichtpunkt bannent dem Stëbsrank, dee sech siichtbar op enger Keplerbunn ëm de Fomalhaut beweegt. D'Entdeckung gouf am November 2008 publizéiert.
2010 gouf d'System nees vum Hubble-Teleskop fotograféiert. Op dem neie Foto weecht Formalhaut b vu senger viraus berechneter Bunn of. Skeptiker hunn dorop, d'Existenz vu Formalhaut b a Fro gestallt. Allerdéngs kënnten d'Ofwäichungen och duerch de Gebrauch vun enger anerer Kamera z'erklären sinn.[2]
Bunneegeschaften [änneren]
Onsécherheet gëtt et bei de Bunneegeschafte vu Fomalhaut b. Hienëmkreest den Zentralstär an engem mëttleren Ofstand vu ronn 115 AE oder 17,2 Milliarde km. Dat ass ongeféier 18 AE vun der banneschter Begrenzung vun der Stëbsscheif. Opgrond vun der Exzentrizitéit vun der Ëmlafbunn von 0,11 schwankt den Ofstand tëschent 102 an 128 AE a läit momentan bei ongeféier 119 AE. Fomalhaut b läit also bal véiermol méi wäit vun sengem Zentralstär wéi de Neptun, de bausseschte Gasplanéit an eisem Sonnesystem. Aus dem Orbit ergëtt sech eng Ëmlafzäit vun ongeféier 872 Joer.
Physikalisch Eegeschaften [änneren]
Déi physikalesch Eegeschafte vu Fomalhaut b kënnen nëmmen aus de Bunnparameter extrapoléiert ginn. D'Berechnungen ginn dovun aus, datt Fomalhaut b maximal ongeféier dräimol sou masseräich wéi Jupiter ka sinn, soss géif si d'Stëbsscheif zerstéieren.[3] Déi wahrscheinlechst Mass läit tëschent der halwer an der duebelter Jupitermass. Säi Radius géif op jiddfer Fall ongeféier deem vum Jupiter gläichen.
D'Uewerflächentemperatur dierft ongeféier där vum Neptun (−200 °C) gläichen, well déi héijer Liichtkraaft vum Fomalhaut d'Distanz kompenséiert. De Planéit erschéngt eng Milliard mol méi schwaach wéi Fomalhaut selwer. Dëst ass ëmmer nach méi hell, wéi d'Uewerfläch vum Planéit alleng erwarde géif loossen. Eng méiglech Erklärung ass, datt Fomalhaut b von engem gewaltegen Ranksystem aus Äis a Stëbs ëmginn ass, dat den Dimensiounen vun de Bunnen vun de Galileiesche Mounden beim Jupiter entspriechen dierft.
Kuckt och [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Paul Kalas, James R. Graham & Mark Clampin: A planetary system as the origin of structure in Fomalhaut's dust belt; Nature (2005), 435, S. 1067–1070;
- ↑ astronomie-heute.de ofgeruff am 27. September 2011
- ↑ Paul Kalas, James R. Graham, Eugene Chiang, Michael P. Fitzgerald, Mark Clampin, Edwin S. Kite, Karl Stapelfeldt, Christian Marois, John Krist: Optical Images of an Exosolar Planet 25 Light-Years from Earth; Science (2008), Vol. 322, no. 5906, S. 1345–1348;
Um Spaweck [änneren]
- (en) Hubble Space Telescope Directly Observes Exoplanet - Video iwwer d'Entdeckung duerch den Hubble Teleskop