Fondation Josy-Barthel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Fondation Josy-Barthel bitt engersäits jonken talentéierte Sportler eng finanziell Ënnerstëtzung un, fir kënnen nieft dem Kompetitiounssport ze studéieren oder sech weiderzebilden, anerersäits ënnerstëtzt si eeler Sportler, fir nom Ofschloss vun hirer sportlecher Carrière nees an d'Beruffsliewen zeréckzefannen oder sech iwwer Weiderbildung dorop virzebereeden.

D'Stëftung ass nom bekannte Lëtzebuerger Sportler a Politiker Josy Barthel (1927-1992) genannt. Si gouf de 16. Juni 1995 vum Comité olympique et sportif luxembourgeois (C.O.S.L.) a vun der Madame Fernande Barthel-Senninger[1] gegrënnt[2]. Si huet hire Sëtz um Sëtz vum C.O.S.L. an der Stad Lëtzebuerg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1995. Fondation Josy Barthel. 8 S. Luxembourg: C.O.S.L.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Madame Fernande Barthel-Senninger ass d'Wittfra vum Josy Barthel.
  2. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 94: 4417 vum 23. Februar 1996.