Tricentenaire

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fondation du Tricentenaire)
D'Residence Nico-Kremer vum Tricentenaire am Park zu Heeschdref.

Tricentenaire a.s.b.l. ass eng lëtzebuergesch Associatioun déi Hëllef fir Leit mat engem Handicap offréiert. D'Associatioun, déi 1978 vu Vertrieder vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg an d'Liewe geruff gouf, huet hire Sëtz zu Helsem.

D'Associatioun krut hiren Numm bei Geleeënheet vun der Commemoratioun vum 300. Anniversaire vun der Erwielung vun der Tréischterin am Leed zur Patréinesch vu Lëtzebuerg[1]

Den Tricentenaire bitt Hëllef a follgenden Domainer un:

  • Hébergement;
  • Aktivitéiten an engem spezialiséierte Foyer de jour;
  • Koordinatioun a Prestatioun vun Hëllef a Fleeg;
  • psychosozial Hëllef;
  • Formatioun a Beruff;
  • Sport an aner Fräizäitaktivitéiten;
  • sozial Integratioun.

Gebaier vum Tricentenaire[änneren | Quelltext änneren]

Historique[änneren | Quelltext änneren]

1978: Op Initiativ vum deemolege Bistum Lëtzebuerg (haut Äerzbistum) entsteet eng Aarbechtsgrupp déi den 300. Anniversaire vun der Erwielung vun der Tréischterin am Leed zur Patréinesch vu Lëtzebuerg am Joer 1979 virbereede soll. Nodeem d'Iddi vun engem Monument verworf gouf, gouf d'Iddi vun der Kreatioun vun engem soziale Wierk fir handicapéiert Leit zeréckbehalen.

1979 gouf d'Fondation du Tricentenaire a.s.b.l. gegrënnt, mam Zil, de Famillje mat enger handicapéierter Persoun en Accueil temporaire z'offréiren. Den Tricentenaire gëtt Member vun der Entente des gestionnaires des centres d'acceuil, EGCA a vun der ADCA Association des directeurs des centres d'accueil, ADCA.

1982 iwwerhëlt den Tricentenaire en Appartement am Foyer Paula-Bové an der Antwerpenerstrooss am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg, an deem 8 bis 10 Persoune mat engem physeschen Handicap opgeholl kënne ginn.

1985 mécht d'Associatioun de Foyer d'aide aux familles des personnes handicapées physiques zu Walfer seng Dieren op, dee mat Hëllef vun enger Konventioun vun 1983 mam Familljeministère gefouert gëtt. 2006 kritt dëse Foyer mat 22 Better den Numm Foyer d'aide aux familles Emile-Künsch.

1988 an 1993: Den Tricentenaire gëtt Grënnungsmember vun der Associatioun Wunnengshëllef (1988) vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg a vun der Associatioun Info-Handicap (1993).

1996 mécht d'Résidence pour personnes handicapées physiques am Park beim Schlass zu Heeschdref op. D'Haus krut 2006 den Numm Résidence Nico-Kremer an huet 38 Awunner.

1997 gëtt den Tricentenaire Grënnungsmember vun der Associatioun Prestataires d'aides et de soins d'inspiration chrétienne (PASC) an domat och vun der Confédération luxembourgeoise des prestataires dans les domaines de prévention, d'aide et de soins aux personnes dépendantes (COPAS).

1998 entsteet de Réseau Tricentenaire-Hëllef Handicap, deen eng Hëllef fir Handicapéiert doheem ubitt.

1999 gëtt den Tricentenaire Member vun der Association de recherche et de formation sur l'insertion en Europe (ARFIE).

2005 kritt den Tricentenaire d'Utilité publique zouerkannt (Arrêté grand-ducal vum 14. Januar 2005). Am selwechte Joer ass den Tricentenaire, zesumme mat zwou aneren Associatiounen, Matgrënner vun der Associatioun resAH a.s.b.l., déi eng pluridisziplinär Hëllef fir handicapéiert Leit offréiert.

2006 grënnt den Tricentenaire, zesumme mat der Associatioun Maredoc, d'Sociétéit Tridoc s.a., dat fir d'Kogestioun vun enger zentraler Kichen zu Heeschdref.

Zu Pretten mécht d'Résidence A Pultz, déi vum Tricentenaire gefouert gëtt, seng Diere fir 12 Awunner op.

2007: d'Associatiounen AGEDOC, SEDEC, MAREDOC an Tricentenaire regruppéiere sech an enger neier juristescher Entitéit, fir hir gemeinsam Projeten ze geréieren.

2008: Start vum Projet 321 Vakanz, dee Vakanze plangt, déi op Mënsche mat enger Behënnerung ausgeriicht sinn.

2009: Grënnung vun der Sociétéit COOP300, Société Coopérative, fir d'Gestioun vun den Ateliers protégés vum Tricentenaire, an deene 40 Persoune schaffe kënnen.

De Centre Jean-Heinisch zu Biissen mécht seng Diere fir 60 Leit op. Den Zenter organiséiert Dagesaktivitéite fir handicapéiert Leit, Formatioune fir Begleedpersonen an Ateliers protégés fir Leit mat engem Handicap. Am Centre de propédeutique professionnelle kënnen néng Persounen ausgebilt ginn.

2010: den Ausbau vum Foyer Emile-Künsch, eng Residenz, de Pavillon I, fir 8 Persoune mat engem Handicap, mécht seng Dieren am Park zu Heeschdref op.

2011: De Pavillon II geet zu Heeschdref op an huet op Plaz fir 8 Persounen.

2011: D'Haus am Bierg zu Walfer geet op an huet Plaz fir 5 Kanner mat Verhalensstéierungen.

2015: Ufank vun de Bauaarbechte fir de Projet Walferschlass.

2016: D'Bar à Chocolat vun der Gesellschaft "Chocolats du Cœur Sàrl" mécht hir Dieren zu Walfer op.

Phas II vum Projet Walferschlass s.a. mam Bau vun engem haus fir 10 Awunner.

2017: De Vakanz- a Fräizäitdéngscht 321 Vakanz plënnert op Walfer an d'Dikrecher Strooss, Nr 50.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Stand Februar 2017: Websäit vun der Fondatioun Tricentenaire a.s.b.l.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ruppert Rita, Eine große Familie. Tricentenaire feiert 40-jähriges Bestehen, Luxemburger Wort, 20. 02. 2018, S. 18-19.