Fonds Belval

Vu Wikipedia

De Fonds Belval (mam Ganzen Numm Établissement public pour la réalisation des équipements de l'État sur le site de Belval-Ouest)[1] ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg, dat gegrënnt gouf, fir op de Frichë vun Esch-Belval d'Cité des Sciences, de la Recherche et de l'Innovation opzeriichten.[2]

De Fonds Belval ass weiderhin de Bauhär fir aner ëffentlech Gebaier op Belval. E muss sech d'Bauprojeten awer per Gesetz geneemege loossen. De Fonds mécht déi néideg Etüden, organiséiert déi virgeschriwwen Architekte-Concoursen, a féiert d'Comptabilitéit vun de Bauaarbechten.

De Ministère de tutelle vum Fonds Belval ass de Ministère de la Mobilité et des Travaux publics.

Direkter ass de Luc Dhamen. Bis Juni 2015 war dat den Alex Fixmer.[3],[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer J3 agedroen
  2. Gesetz vum 25. Juli 2002
  3. "Nouveau directeur pour l'établissement public 'Fonds Belval'." Communiqué op gouvernement.lu, 12.06.2015 (13:04).
  4. "Luc Dhamen remplacera Alex Fixmer." paperjam.lu, 12/06/2015.