Fontainebleau

Vu Wikipedia
Fontainebleau
Schlass vu Fontainebleau (2012)

Schlass vu Fontainebleau (2012)
Schlass vu Fontainebleau (2012)
Land Frankräich
Regioun Île-de-France
Departement Seine-et-Marne
Arrondissement Fontainebleau
Kanton Fontainebleau
Postcode 77300
Gemengecode 77186
Koordinaten 48° 24’ 35’’ N
      02° 42’ 09’’ O
Fläch  17 205 ha
Bevëlkerung  14.908 (2012)

Fontainebleau ass eng franséisch Stad an der Île-de-France, am Südweste vum Departement Seine-et-Marne an am Norde vum Gâtinais français. Et ass de Sëtz vun der Ënnerprefektur vum Arrondissement Fontainebleau.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng läit op enger Héicht vun tëscht 42 an 150 Meter am breeden Dall vun der Seine, un déi s'awer nëmmen op enger Streck vu ronn engem Kilometer am Nordoste stéisst. Et ass déi gréisst Gemeng an der Île-de-France an ass bal komplet vun engem Bësch bedeckt dee sech och nach iwwer d'Nopeschgemengen ewechzitt an eng total Fläch vu 25.000 Hektar huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bësch vu Fontainebleau.

Hydrographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Gebitt vun der Gemeng vu Fontainebleau, a besonnesch am Bësch selwer, gëtt et en ettlech Suppenen, vun deenen déi gréisst, d'Mare aux Évées, d'Quell vun der eenzeg nennenswäerter Baach, dem Ru de la Mare aux Évées, ass.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

Fontainebleau an d'Ëmgéigend läit op enger bis zu 50 Meter décker Sandschicht, ënner där eng grouss Waassernapp ass, där hir Quellen an den Nopeschgemengen erauskommen. Iwwer dem Sand si plazeweis Fielsbänken an deenen an der Zäit Steekaulen exploitéiert goufen, déi ënner anerem d'Steng fir d'houfeisefërmeg Éierentrap vum Schlass vu Fontainebleau geliwwert hunn, souwéi ronn 4 Millioune Pavésteng fir d'Paräisser Stroossen.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Den Tram an der Grande Rue (haut: Rue Grande) am Ufank vun 20.Jh.

D'Gemeng ass iwwer d'Gare Fontainebleau - Avon, déi se sech zanter 1855 op der Eisebunnsstreck Paräis-Marseille mat der Nopeschgemeng Avon deelt, ugeschloss. Et gëtt awer och nach zwou Halten am Bësch vu Fontainebleau, an zwar déi vu Fontainebleau-Forêt an déi vun Thomery, woubäi dës lescht Uertschaft eng Gemeng fir sech ass.

Un de Stroosseverkéier ass s'iwwer e puer Departementstroossen ugeschloss, wovun déi wichtegst d'D606 an d'D607 sinn. Ganz am Weste vun der Gemeng Fontainebleau féiert d'Autobunn A6 déi och en Deel vun der E15 ass vu Paräis iwwer Auxerre, Beaune, Lyon asw. bis an de Midi (Autoroute du Soleil).

Vun 1896 bis 1953 ass zu Fontainebleau en Tram gefuer.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Tram vu Fontainebeau.

Bauwierker[änneren | Quelltext änneren]

Aqueducbréck am Bësch vu Fontainebleau iwwer der départementale D152 48° 23’ 15.75’’ N 02° 40’ 06.29’’ O

Toponymie[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Fontainebleau ass relativ al. E gëtt fir d'éischt an engem Dokument vum Louis VII. vun 1137 als fontem Blaihaut ernimmt. An der Charta vum Louis IX. iwwer d'Grënnung vum Monastère des Maturins gëtt den Numm Fonteblaudi ernimmt an am Testament vum selwechte Kinnek ass den Numm Fons Blaudi ze fannen. De Jean de Joinville gebraucht an der Histoire de Saint-Louis den Numm Fontainebliaut[1]

Am grousse Ganze gouf et mat all de Varianten, Iertemer, Schreiffeeler an Noléissegkeete bis ëm 1794 iwwer honnert verschidden Nimm. Vu spéitstens dem 5. Dezember 1794 un, fënnt een an offiziellen Texter wéi am Moniteur den Numm Fontainebleau.

An der Zäit vun der franséischer Revolutioun huet d'Gemeng Fontaine-la-Montagne oder Fontaine-le-Vallon geheescht.[2].

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

Wann et den Etymologen an Historiker nogeet, gëtt et op d'mannst eng hallef Dose méiglech Erklärunge vun deenen der nëmmen e puer hei opgezielt ginn.

D'Erklärung "Fontaine Belle-eau" ass eng spéit a poetesch "Deitung" aus der Renaissance. Och déi, no där ee Juegdhond vum Kinnek, genannt 'Bleau', am Bësch eng frësch Quell entdeckt hätt, ass nëmmen eng Legend.
Eng méi seriéis Erklärung huet hir Wuerzelen an der Zäit, an där d'Franke sech am Paräisser Baseng breetgemaach hunn. Am 12. Joerhonnert hätt ee gewëssene Bli(h)aud (germ: Blitwald) am grousse Bëschmassiv, dee Forêt de Bière genannt gouf, ee Landbesëtz mat enger gudder Quell gehat. Déi Quell, déi no hirem Besëtzer genannt gouf (Fons Bliaudi), an haut am Englesche Gaart vun der Schlassanlag ass, erkläert den Numm Fontainebleau.

D'Awunner vu Fontainebleau nenne sech Bellifontains, ginn awer och mol als Fontainebleaudiens bezeechent[1]. Déi sportlech Leit, déi aus der ganzer Paräisser Géigend am Bësch vu Fontainebleau, wou et grouss a komplizéiert Fielsformatioune gëtt, d'Biergklammen trainéiere kommen, gi les Bleausards genannt.

Historesch Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Fontainebleau ass no an no entstanen, well déi franséisch Kinneke mat Virléift do, an der grousser "Forêt de Bière" (haut: "Forêt de Fontainebleau"), op d'Juegd gaange sinn. 1137 gëtt d'Schlass (e klengt Juegdschlass) ënner dem Kinnek Louis VII. fir d'éischt ernimmt. D'Gebitt louch am Parbezierk vun Avon, eng Uertschaft, déi haut direkt u Fontainebleau stéisst. D'Uertschaft ass besonnesch bekannt wéinst dem Schlass, dat stänneg aus- an ëmgebaut gouf, an zwar bis an d'19. Joerhonnert (Napoleon III.). Well dat Schlass fir all geschichtlech Period eppes opzeweisen huet, ass et sécher eent vun den interessantste Schlässer a Frankräich, ee reegelrecht Billerbuch vun der franséischer Geschicht. All Kinnek oder Keeser huet do seng Spuer hannerlooss, an den Napoleon Bonaparte huet d'Anlag als "la vraie demeure des rois, la maison des siècles" bezeechent. Wéinstens zwéi Kinneken, de Philippe IV., genannt "le Bel", an de Louis XIII., sinn zu Fontainebleau gebuer a gestuerwen. D'Schlass war ëmmer eng vun de beléiftste Residenze vun der franséischer Monarchie.

An der Zäit vum Kinnek François Ier gouf d'Schlass komplett am Renaissance-Stil zu engem reegelrechte Palais ëmgebaut (vgl.: d'"Galerie François Ier", z. B.), wat ë. a. d'École de Fontainebleau an der Molerei ervirbruecht huet. Bedeitend Kënschtler an Architekten hunn deemools zu Fontainebleau gewierkt: de Rosso, de Bernard Palissy, de Primaticcio, asw. D'Aktivitéiten am Schlass a ronderëm erklären, firwat relativ séier eng Uertschaft do, matzen am Bësch, entstanen ass. D'Parkierch vu Fontainebleau ass net zoufälleg dem hellege Louis geweit.

Fontainebleau, mam wëll-romantesche Bësch a mat der grousser Schlassanlag, awer och mat den Nopeschgemengen a Kënschtlerkolonië Barbizon, Bourron-Marlotte a Milly-la-Forêt, ass zanter dem 19. Joerhonnert eng beléift Destinatioun fir d'Paräisser Bourgeoisie, déi sech de Weekend oder am Congé do erhuele kënnt. Awer och aner Leit, aus aller Welt, si mol op Fontainebleau komm, besonnesch Moler, Schrëftsteller a Museker. Dofir huet d'Uertschaft eng Partie sozio-kulturell Ariichtungen opweises, déi een net onbedéngt a sou enger éischter klenger Stad erwaart: en Theater, de "Conservatoire américain", e Chineesesche Konschtmusée (an engem Deel vum Schlass), een Auktiounshaus, eng Antenn vun den Archives nationales, eng berüümt Reitschoul, de Centre sportif d'équitation militaire (CSEM), een Hippodrom an e Reitstadion sou wéi en ettlech privat Reitschoulen, Strukture fir Alpinissem ze praktizéieren (160 verschidde Parcoursen, mat alle Schwieregkeetsgraden!), asw. Eng Parti Paräisser zéie sech am Pensiounsalter op Fontainebleau zeréck. Si fannen do ee räicht soziokulturellt Liewen a sinn nëmmen eng gutt hallef Stonn mam Zuch oder mam Auto vu Paräis ewech.

D'Offizéischschoul École spéciale militaire, déi 1803 vum Éischte Konsul Napoleon Bonaparte gegrënnt gouf, koum d'éischt op Fontainebleau, an e wéineg spéider op Saint-Cyr, ier se an de 70er Joren an de Camp vu Coëtquidan zu Guer geplënnert ass.

D'École d'application de l'artillerie et du génie, déi 1794 zu Metz duerch d'Zesummeleeë vun der aler kinneklecher Artillerieschoul vu Metz a vun der aler kinneklecher Génieschoul vu Mézières gegrënnt gi war, gouf kuerz no der Nidderlag vun 1870 an dem Verloscht vun Elsass-Loutrengen (deemno och vun der Festungsstad Metz) fir eng laang Zäit op Fontainebleau verluecht.

De Bataillon de Joinville, eng militäresch Elitesportseenheet, war vun 1967 bis zu senger Opléisung am Joer 2002 zu Fontainebleau doheem.

Nom Zweete Weltkrich goufen zivil a militäresch Ariichtungen, déi am Zesummenhang mam Pakt vu Bréissel, respektiv mam Nordatlantikpakt a mat der NATO, geschaf gi waren, zu Fontainebleau installéiert. Fir d'Kanner vun de ville friemen Offizéier an Ënneroffizéier gouf dunn och eng École internationale gegrënnt, déi bis 1967 bestanen huet (1966 hat de President Charles de Gaulle Frankräich aus de Kommandoinstanze vun der NATO erausgeholl, an d'NATO-Ariichtunge sinn all aus Frankräich Richtung Belsch an Holland fortgezunn).

De bekannten INSEAD, eng Business-Schoul vu Weltrang, ass zu Fontainebleau doheem.

Haut gëtt et zu Fontainebleau nach d'École des sous-officiers de la Gendarmerie nationale.

Zanter Enn 1998 ass de Bëschmassiv vu Fontainebleau (= 17 073 Ha fir de Staatsbësch eleng) als Réserve de biosphère vun der UNESCO klasséiert.

Grouss politesch an diplomatesch Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Perséinlechkeeten, déi mat Fontainebleau verbonne sinn[änneren | Quelltext änneren]

Kinneken a Kinniginnen, Keeser a Keeserinnen, Presidenten a soss Staatsmänner oder Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Moler, Architekten an aner Kënschtler[änneren | Quelltext änneren]

De Bernard Molitor, ee Konschtschräiner aus der Zäit vum Louis XVI, deen zu Betzder, am Herzogtum Lëtzebuerg, gebuer war a laang zu Paräis gewierkt huet, ass zu Fontainebleau begruewe ginn.

Schrëftsteller[änneren | Quelltext änneren]

Museker[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-François Hebert & Thierry Sarmant, Fontainebleau - Mille ans d'histoire de France; Paräis (Tallandier), 2013; 447 Säiten. ISBN 979-10-210-0099-5
  • Maurice Toesca, Les grandes heures de Fontainebleau; Paräis (Sfelt), 1950 [2 spéider Oploe (Albin Michel) 1957 an 1965]; 253 Säiten.
  • Yves Carlier, Fontainebleau en dates et en chiffres; Paräis (Gisserot), 2005.
  • Michel Hermeline & Geneviève Rey (Text) an Anne Testut (Photoen), Lettres de la forêt: Fontainebleau, abécédaire photographique; Paräis (Éditions Textuel & Office national des Forêts), 1998; 223 Säiten (ill). ISBN 2-909317-67-6
  • Alexis Durand, Chronologie des fastes de Fontainebleau (1137-1850); Fontainebleau (Maurice Bourges), 1901.
  • (Abbé) Pierre Guilbert, Description historique des chasteau, bourg et forest de Fontainebleau; 2 Bänn; Paräis (André Cailleau), 1731.
  • Eugène Thoison, Les séjours des rois de France dans le Gâtinais (481-1789); Paräis (Picard), 1888.
  • René Alleau, Guide de Fontainebleau mystérieux; Éditions (Claude) Tchou & éd. Princesse; 1977; 285 Säiten.
  • Maurice Deroy, Étude sur le régime de la forêt de Fontainebleau au moyen âge et jusqu'à la Révolution; Montereau (Impr. Claverie), 1937; 252 Säiten.
  • Fabrice Milochau, Fontainebleau forêt fantastique...; La Renaissance du Livre (coll. 'L'Esprit des lieux'), 2000; 142 S. (ill.). ISBN 2-8046-0352-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fontainebleau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Fontainebleau, la revue d'histoire de la ville & de sa région
  2. Des villages de Cassini aux communes d'aujourd'hui