Football Club Pro Vercelli 1892
| Pro Vercelli | ||||
| Offiziellen Numm: | Football Club Pro Vercelli 1892 | |||
| Spëtznumm: | Leoni, Bianche Casacche, i Bianchi Piemontesi | |||
|---|---|---|---|---|
| Veräinsfaarwen: | Wäiss | |||
| Grënnung: | 1892 | |||
| Stadion: | Stadio Silvio Piola, Vercelli |
|||
| Plazen: | 8 000 | |||
| President: | Massimo Secondo | |||
| Trainer: | Maurizio Braghin | |||
| Liga: | Serie B | |||
|
|
||||
Pro Vercelli (offiziell Football Club Pro Vercelli 1892) ass deen eelsten italienesche Foussballclub, e gouf 1892 zu Vercelli am Piemont gegrënnt. Deemols huet de Club nach Unione Sportiva Pro Vercelli Calcio geheescht.
Mat 7 nationale Meeschterschaftstitelen, all tëscht 1908 an 1922 gewonn, ass et ee vun de Veräiner mat deem meeschte Succès an Italien virum Zweete Weltkrich. Mëttlerweil huet de Veräin net méi deen Erfolleg, an huet zwëschenzäitlech souguer an Amateur-Lige gespillt. An der Saison 2012/13 spillt de Veräin an der Serie B (zweethéchst Spillklass), nodeems e 64 Joer laang an der drëtthéchster italienescher Foussballliga Lega Pro Prima Divisione gespillt hat. 1990 huet de Veräi sech wéinst finanzielle Schwieregkeete missen neigrënnen.
De Veräi spillt seng Heemspiller am Stadion Silvio Piola, deen nom legendäre Silvio Piola benannt ass, engem Ex-Stiermer vu Pro Vercelli, deen déi meeschte Goler an der Serie A geschoss huet (274).