Fornax-Galaxiëkoup

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Fornax-Galaxienkoup. VISTA-Infrarout-Bild mat den opfällege Galaxien NGC 1365 (Balkenspiral ënne riets) an NGC 1399 (elliptesch Galaxis uewe lénks).
Stärekaart vum Fornax-Galaxiëkoup
Déi riseg lënsefërmeg Galaxis NGC 1316 (Fornax A) am Fornax-Galaxiëkoup

De Fornax-Galaxiëkoup ass eng grouss Usammlung vu Galaxien, déi am Stärebild Fornax iwwer e Gebitt mat ronn 5° Wénkelduerchmesser verdeelt läit. Am Katalog vum George Ogden Abell ass hien ënner der Bezeechnung Abell S0373 ze fannen.

Dëse Galaxiëkoup ass mat enger Distanz vu ronn 60 Millioune Liichtjoer (18,5 Mpc) deen zweeträichste Koup op enger Streck vun 100 Millioune Liichtjoer, un Grèisst nëmme nach iwwertraff duerch den ongeféier dräimal sou grousse Virgo-Galaxiëkoup. Hien huet ongeféier 50–60 hell Galaxië, vun deenen dräi zu de gréisste Galaxië an dësem Deel vum Universum zielen. Déi elliptesch Galaxis NGC 1399 ass eng cD-Galaxis mat ausgedehntem diffusen Halo, wéi si typescherweis a grousse Galaxiëkéip (z. B. am Coma-Galaxiëkoupn) virkommen.

Déi grouss Balkespiralgalaxis NGC 1365 kann als Prototyp vun dëser Galaxiëklass gesi ginn an ass de prominentesten Objet vum Koup. De gréissten Objet vum Fornax-Koup ass déi riseg lënsefërmeg Galaxis NGC 1316, déi eng Visuell Magnitude vun 8,4 mag an e Wénkelduerchmiesser vun 12 Bouminutten huet. Dës Galaxis ass bei enger Frequenz vun 1400 MHz déi véiertstärkst Radioquell um Himmel a gëtt dofir och als Fornax A bezeechent.

Distanzbestëmmung[änneren | Quelltext änneren]

De Fornax-Galaxiëkoup huet grouss Bedeitung fir d'kosmologesch Distanzbestëmmung. Well hien eng wiesentlech méi kleng Mass wéi dee bal gläichwäit ewech leiende Virgo-Koup huet, ass säi gravitativen Afloss op eis Lokal Grupp méi schwaach. Während de Virgo-Koup duerch seng grouss Mass eng Unzéiung vun de Lokale Gruppe bewierkt (engl. Virgo-Infall), beweegt sech de Fornax-Koup gréissten Deels mam groussraimegen Hubble-Floss. Duerch eng direkt Distanzbestëmmung vun de Galaxië am Fornax-Koup léisst sech dofir aus hirer Routverrécklung d'Hubble-Konstant bestëmmen. Duerch déi relativ kleng Distanz vum Koup stinn haut verschidden direkt Methode vun der Distanzbstëmmung zum Gebrauch. Mat der Kugelstärekoup-Liichtkraaft-Funktioun (engl. globular cluster luminosity function – GCLF) gouf 1996 d'Distanz zu ongeféier 16,5 Mpc bestëmmt. 1998 war et mat dem Hubble-Weltraumteleskop gelongen, och d'Distanzbestëmmung vum Koup duerch d'Eenzelstärenopléisung vu verännerleche Stäre vum Cepheiden-Typ. Aus dëse Miessunge resultéiert deen haitege Wäert vun 18,5 Mpc vun der Fornax-Koup-Distanz. Déi mëttel Routverrécklung vun de Koupobjeten huet eng Schwéierpunktvitesse vu ronn 1300 km/s, sou datt déi aus dëse Miessunge bestëmmt Hubble-Konstant (no e puer Korrekturen) H0=73 km/s/Mpc ergëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie