Fornax-Zwerggalaxis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Foto vun der Zwerggalaxis Fornax

D'Fornax-Zwerggalaxis (Katalogbezeechnungen ESO 356-04 an MCG -06-07-001) ass eng kleng elliptesch Galaxis vum (Typ dE2) am Stärebild Fornax (Chemeschen Uewen). D’Galaxis gehéiert zu der Lokaler Grupp an ass nëmme 450.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech. Si huet eng Hellegkeet vu +9,30 mag an eng Wénkelausdeenung vu 17' x 12'. Wéinst hirer niddreger Flächenhellegkeet gouf d’Zwerggalaxis eréischt am Joer 1938 vum Harlow Shapley entdeckt.

An der Zwerggalaxis si sechs Kugelstärekéip. De gréissten dorënner ass den NGC 1049. Hie gouf nach virun der Galaxis selwer entdeckt.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen