Fornax (Stärebild)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Fornax
Lëtzebuergeschen Numm Chemeschen Uewen
Laténgeschen Numm Fornax
Laténgesche Genitiv Fornacis
Laténgesch Ofkierzung For
Rektaszensioun 1h 40m bis 3h 40m
Deklinatioun -23° bis -39°
Fläch 398 Quadratgrad
Siichtbar op Breedegrad 50° Nord bis 90° Süd
Bescht Observatiounszäitraum
Spéithierscht
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
α Fornacis
3.87
Meteorstréim keng
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Cetus

Sculptor
Phoenix
Eridanus

Kaart vum Stärebild Fornax

De Fornax ass e Stärebild vum Südhimmel.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Beschreiwung

Fornax ass en onschäinbaart Stärebild, dat sech aus liichtschwaache Stären zesummesetzt. Nëmmen ee Stär erreecht déi 3. Gréissteklass. D'Stärebild ass zum gréissten Deel vum ausgedeenten Eridanus ëmginn.

De Fornax ass vollstänneg nëmme südlech vum 47 Grad Breedekrees (am Spéithierscht déif iwwert dem Horizont) an um Südhimmel ze gesinn.

Am Stärebild ass de Fornax-Galaxiëkoup, deen 18 Galaxien huet. Mat enger Distanz vu ronn 60 Millioune Liichtjoer ass en no dem Virgo-Galaxiëkoup den zweetnooste Galaxiëkoup zur Äerd.

Am Fornax ass och d'Fornax-Zwerggalaxis. Si gehéiert allerdéngs net zum Fornax-Galaxiëkoup, mä ass mat nëmmen 450.000 Lichtjoer Distanz e Member vun der Lokaler Grupp, zu där och eis Mëllechstrooss gehéiert.

[änneren] Geschicht

D'Stärebild gouf am Joer 1756 ënnert dem Numm „Fornax chemica“ vum Nicolas Louis de Lacaille zu Éiere vum Chemiker Antoine Laurent de Lavoisier agefouert. De Johann Elert Bode huet et a sengem Stärekatalog „Uranographia“, iwwerholl als „Apparatus chemicus“.

Tëschent de Joren 2003 an 2004 huet d'Hubble-Weltraumteleskop an engem relativ stärenaarme Beräich am Fornax d'Hubble Ultra Deep Field opgeholl. D'Fotoe weisen ongeféier 9.500 Galaxien, woubäi déi wäitest eng Routverrécklung vu ronn 7 opweisen.

[änneren] Himmelsobjeten

[änneren] Stären

B F Nimm ab aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 3,80m 40 F7 + G7
β 4,45m 200 G7 III
ν 4,45m
ω 4,96m
δ 4,99m
φ 5,13m
κ 5,19m
μ 5,27m
π 5,34m
γ2 5,13m
η3 5,48m
ρ 5,52m
ζ 5,69m
χ2 5,71m
ι1 5,74m
λ2 5,78m
ι2 5,13m
ε 5,88m
λ1 5,91m
σ 5,91m
η2 5,92m
ψ 5,93m

De β Fornacis ass ronn 200 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Stär, dee giel liicht mat der Spektralklass G7.

[änneren] Duebelstäre

Objet Gréissten Ofstand
α 3,9m/5,8m 5,2"
ω 4,9m/7,9m 10,8"

Den α Fornacis, den hellste Stàr am Fornax, ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 40 Kiichtjoer. Déi zwee Komponenten gehéieren de Spektralklassen F7 an G7 un.

[änneren] NGC-Objeten

NGC divers Gréisst Typ Numm
1360 8m Planetareschen Niwwel
MCG -06-07-001 9,3m Galaxis Fornax-Zwergalaxis
1316 8,2m Galaxis
1344 Galaxis
1350 Galaxis
1365 9,3m Galaxis
1374 Galaxis
1381 Galaxis
1380 Galaxis
1387 Galaxis
1398 Galaxis
1399 8,8m Galaxis
1404 Galaxis
1425 Galaxis

Am Fornax ass den NGC 1360, mat engem Duerchmiesser vun 390 Bousekonnen, ee vun de gréisste Planetareschen Niwwelen.

D'Fornax-Zwerggalaxis huet eng kleng Flächenhellegkeet, a gouf dofir eréischt am Joer 1938 vum Harlow Shapley op fotografesche Plakken entdeckt.

14 Memberen vum Fornax-Galaxiëkoup si méi hell ewéi 11,5m an doduerch schonns am Amateur-Teleskop gutt ze gesinn.

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Um Spaweck

Commons: Fornax – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen