Fort Dumoulin

Vu Wikipedia
Fort Dumoulin
Ausgruewung vun der Enveloppe vum Fort. Virun der Enveloppe ass de Gruef nach ze gesinn.
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'46,5055"N, 6°9'0,8262"O
Datum vum Bau 1836
Ofgerappt oder zerstéiert 1870
D'Entrée vum Fort Dumoulin an dat méi rezent Gebai; dëst gouf tëscht der Paart an der südlecher Caponnière opgeriicht.

De Fort Dumoulin (och nach: Fort du Moulin, Fort Fetschenhof) ass e Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg um Rumm-Plateau am Quartier Zens. Um Site ass haut de Siège social vun der Association des Girl Guides Luxembourgeoises (AGGL).

Den 2. Mee 2012 gouf de Site op den Zousazinvetaire vun de klasséierte Monumenter agedroen[1].

Baugeschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Fort Fetschenhof deen eigentlech scho 1737 hätt solle gebaut ginn[2], gouf wärend der Belagerung vun der Festung vun de franséische Revolutiounsstruppen 1794/1795 als temporäert Festungswierk, eng sougenannt Flèche, gebaut. 1829 ass am Haff vum Wierk e befestegt Polfermagaséng gebaut ginn. Mat senger spatzer dräieckeger Form, war déi Flèche eng vun de modernste Befestegunge vun der Festung Lëtzebuerg.

Ënnerierdesch Plëss Darem

Déi meescht Aarbechte goufe vun 1836 bis 1838 erleedegt, wéi decidéiert gouf, d'Sécherheet vum Fetschenhaff ze verstäerken an ze verbesseren. De "Fort Fetschenhof", wéi säin Numm deemools war, gouf komplett remodeléiert: e krut e Gruef vun 30 Fouss Déift mat enger Contre-escarpe déi an de Fiels gehae war. Nëmmen den ieweschten Deel vun der Contre-escarpe war aus Zillen. Déi Säit déi op d'Stad gewisen huet ass duerch eng Mauer mat Schéissschaarte geschützt ginn. Caponnièren an der Escarpe hunn der Besatzung Schutz virun Artilleriesfeier ginn an et erlaabt gläichzäiteg de Gruef ënner Feier ze huelen, wärend den ieweschten Deel aus bommeséchere Kasematte bestanen huet. Aus dem Reduit eraus ass en ënnerierdesche Wee op de Fort Rumigny gaangen. De Fort Fetschenhof war den éischte Fort vun der Festung Lëtzebuerg, dee polygonal ausgebaut gouf[3].

1843 ass de Fort a "Fort Dumoulin" ëmgenannt ginn, nom éischte preisesche Festungskommandant Jakob Dumoulin[4]. An de Joren duerno ass den Numm warscheinlech am Volleksmond an "du Moulin" geännert ginn, wat och géif erklären, fir wat op spéidere Kaarten den Numm "Dumoulin" net méi opdaucht[5]. D'Strooss déi vun der Polvermillen op de Fetschenhaff féiert erënnert awer nach un den ursprénglechen Numm vum Fort: rue du Fort Dumoulin. Nom Bau vun de bommeséchere Kasematten, 1856, gouf de Fort schliisslech als Polfermagaséng a Friddenszäite benotzt, well en duerch seng Lag baussent der Stad ideal fir sou eng Aufgab war.

Vum Fort aus goung eng Kasematt a Richtung Fort Rumigny, déi et der Besatzung erméiglecht huet, ënnerierdesch approvisionéiert ze ginn. Dës Kasematt besteet nach, gouf awer wärend dem Bau vum Institut national des sports (INS) iertemlech mat Bëtong verfëllt. No ongeféier engem Véierel vum Wee gouf eng ënnerierdesch Place d'armes ugeluecht, déi d'Verdeedegung vun der Kasematt erméigleche sollt an 2 Sprengkummeren hat, mat Hëllef vun deenen d'Kasematt, am Fall vun der Eruewerung duerch e Géigner, konnt gesprengt ginn.

Am Fréijoer 1867 goufen nach Pläng geneemegt fir de Fort Dumoulin, ee vun deene klengste Forte vun der Festung, ze vergréisseren an ze moderniséieren. Lénks vum deemolege Fort sollt en neit, onofhängegt Baussewierk gebaut ginn, dat méi staark an autonom sollt sinn. Dës Pläng goufen awer nom Traité vu London net méi realiséiert[6].

Am Kader vum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg nom Traité vu London vun 1867 gouf de Gruef gefëllt, an déi iwwerierdesch Deeler vu sämtleche Caponnièren an déi hënnescht Face geschleeft. D'Paart an een ugrenzenden Deel vun der Mauer si bestoe bliwwen. D'Caponnièren, Kasematten an d'Verbindungskasematt op de Fort Rumigny sinn nach ënnerierdesch erhalen[7].

Militäresch Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Mat INS-Bëtong gefëllt Kasematt

De Fort huet, zesumme mam Fort Rumigny, den Accès op d'Rumm an d'Kasären do kontrolléiert. Duerch déi avancéiert Positioun sollt den Ugräifer dru gehënnert ginn, mat senger Artillerie vun dëser Plaz aus direkt op d'Rumm schéissen ze kënnen. Mam Malakoff-Tuerm um Weimeschhaff war et eent vun den 2 Festungswierker déi den Accès vun Tréier hier kontrolléiert hunn[8].
Op der nërdlecher Héicht louch de Fort de la Hauteur du Parc. Zesumme mam Fort Thüngen hunn déi 3 Forten déi ëstlech Flank vun der Festung gedeckt.

Weider Notzung[änneren | Quelltext änneren]

Den 18. Mäerz 1870 goufen d'Reschter vum Fort un de Veterinär Siegen aus Clausen verkaf. Tëscht 1885 an 1903 war dunn d'Schampeskellerei Mercier aus der Stad an de Gemaier, ier d'Firma op Hollerech geplënnert ass[9].
De Fort Dumoulin ass haut de Siège social vun der Association des Girl Guides Luxembourgeoises (AGGL).
Am Kader vun de rezenten Ausgruewunge beim de Bau vum Siège social vun der Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg (FNEL) goufen Deeler vum Gruef a vun der Contre-escarpe, wéi och d'Koffercaponnière an der Spëtzt vum Gruef an e klengt Polfermagaséng fräigeluecht. Pläng, déi ausgegruewen a gutt erhalen Deeler vun der Festung fir de Public siichtbar z'erhalen an an de Bau vun engem neie Gebai mat anzebezéie goufen awer wéinst den domat verbonnene Käschte fale gelooss. Nom därzäitege Stand (September 2010) goufen all déi fräigeluecht Deeler vum Fort erëm zougeschott.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wagner, Rob., 2010. Fetschenhof und Dumoulin. In: L'AGGL et le Fort Dumoulin au cours du temps, S. 122-147. Erausgi vun der Association des Girl Guides luxembourgeoises. 150 S. Imprimerie Centrale. (Am Buch steet kee Publikatiounsjoer. Aus der Presentatioun vum Buch an der Press muss een unhuelen, datt et 2010 erauskoum; cf LW vum 22. Juli 1010, S. 19).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fort Dumoulin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Plang vun der Festung op Gallica
  3. Bruns, André. Luxembourg, forteresse de la Confédération Germanique, 1815-1866. Éditions Saint-Paul. 2006.
  4. Robinson, David. An Expat's Life in Luxembourg & The White Rose. iUniverse Inc, Lincoln (2004). Säit 263.
  5. [Rosbach, C. PLAN DE LA VILLE ET DE LA FORTERESSE / DE LUXEMBOURG (1867). An: Van der Vekene, Emile. Les Plans de la Ville et Forteresse de Luxembourg. Éditions Saint-Paul (1996).]
  6. (de) Koltz, Jean-Pierre. Baugeschichte der Stadt und Festung Luxemburg. Band 1: Von den Uranfängen bis 1867. S 309.
  7. Top Secret. RTL Télé Lëtzebuerg vum 1. Mäerz 2010. www.rtl.lu]
  8. La forteresse de Luxembourg, Aus:Luxemburger Illustrierte, 1927(12)
  9. Mercier op industrie.lu
Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen