Fort Olizy
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Fort Olizy 1794, Ausschnëtt vum Plang vum Alfred Lefort.
De Fort Olizy war en Deel vun der Festung Lëtzebuerg deen no Eruewerung vun der Festung duerch d'Fransousen am Joer 1684, déi d'Spuenier verdriwwen haten, op Uerder vum Louis XIV. gebaut gouf.
De Baumeeschter war de Vauban an de Fort stoung op der Plaz déi haut tëscht der Avenue J.F. Kennedy, an der Europäescher Investitiounsbank läit.
Beim Bau vun der Rouder Bréck goufen d'Kasematten an d'Verbindungsgäng tëscht dem Fort Olizy an dem Fort Thüngen deelweis zerstéiert.
De Fort war en onregelméissegt Fënnefeck deem seng breetste Front dem Uelzechtdall zougekéiert war. Dës Front war och zur Mëtt zou liicht no banne geknéckst fir datt keen doudege Wénkel an der Entrée sollt sinn.