Fort Rubamprez

Vu Wikipedia
Fort Rubamprez
De fréiere Polfermagaséng vum Fort
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'38,189"N, 6°8'34,937"O
Architekt(en) Sébastien Le Prestre de Vauban
Datum vum Bau 1689
Ofgerappt oder zerstéiert 1871
D'Bastioun Rubamprez (Nr. "50, B.d.Rbp.") 1794, Ausschnëtt vum Plang vum Alfred Lefort.

De Fort Rubamprez (och nach:Bastion détaché de Walis, Redoute à la Tête du Grund, Redoute du Rham[1]) ass e Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg um Rumm-Plateau. De Reduit/Polfermagaséng existéiert nach haut um Terrain vum Institut national des sports (INS). Den Terrain läit tëscht der Tréierer Strooss op der nërdlecher an der Eisebunnslinn a Richtung Tréier op der südlecher Flank. No Oste louch de Fort Rumigny hanner dem Fort de Ravelin vun de Rumm-Befestegungen, deen duerch de Bau vun der Eisebunnsstreck 1861 zerstéiert gouf.

Baugeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vu 1684-1689 gouf ënner der Direktioun vum franséische Festungsarchitekt an –ingenieur Sébastien Le Prestre de Vauban de Rumm-Plateau weider befestegt fir der Entwécklung vun der Belagerungsartillerie Rechnung ze droen. Dofir gouf virun d'Rumm-Befestegunge fir d'éischt e Ravelin, an duerno genee virum Ravelin eng Redoute gebaut, déi de Kär fir de spéidere Fort Rubamprez war. 1735, ënner Éisträichescher Besatzung, gouf de Fort Rubamprez ausgebaut, an zu deem Zweck gouf d'Tréierer Strooss méi no u Clausen geluecht[2]. De Fort ass zu deem Zäitpunkt duerch eng Enveloppe verstäerkt ginn, déi d'Form vun enger Bastioun hat, mat enger Spëtzt déi no vir weist, a Flanken déi no banne bombéiert waren, änlech wéi de Reduit vum Fort Thüngen. D'Kiel war duerch eng Galerie fir Gewierverdeedegung zougemaach.

De Reduit ass dunn als Friddens-Polfermagaséng vun de Rumm-Kasäre benotzt ginn. De Fort war duerch eng Kasematt mat dem Fort Rumigny an dem Reduit du Rham verbonnen. Beim Schleefe vum Fort sinn d'Enveloppe an de Gruef verschwonnen, de Reduit ass bestoe bliwwen.

Militäresch Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Zesumme mam Fort Rumigny huet de Fort Rubamprez de Plateau virun de Rumm-Befestegungen an den Accès an d'Stad aus Richtung Tréier kontrolléiert. Mam Ausbau vun der Redoute de la Bombarde zu engem Fort an der Konstruktioun vum Fort Dumoulin huet de Fort Rubamprez u Bedeitung verluer[3].

Weider Notzung[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1982 an 1985 ass de Reduit vun de Guiden a Scoute vum Zens als Materiallager benotzt ginn. 1985 huet dunn de Projet Euroballet kuerz Zäit seng Raimlechkeeten hei gehat[4].
De Reduit vum Fort ass haut e Sportssall um Terrain vum Institut national des sports (INS) a gëtt reegelméisseg benotzt.

D'Strock-Kapell [2][änneren | Quelltext änneren]

D'Kapellchen haut op der Héicht vum Kosakestee op der Tréierer Strooss.

Op der Héicht wou de Fort Rubamprez haut steet, gouf et am Mëttelalter eng kleng Kapell mat engem Altor. 1598 daucht se op enger Kaart vu Lëtzebuerg, déi zu Köln publizéiert gouf fir d'éischt Kéier op. Et ass beluecht, datt ëm 1691 reegelméisseg Affer op deem Site vu Pilger néiergeluecht goufen, déi zu engem Sträit tëscht der Abtei Neimënster an de Pare Saint-Michel a Saint-Nicolas féieren, well net kloer ass wiem déi Affer gehéieren. An deem Joer, an der Nuecht vum 15. op de 16. August, gëtt de Kruzifix aus der Kapellchen, deem wonnerbar Kräften nogesot ginn, an d'Kierch vun Hamm transportéiert, a 50 Joer duerno léisst déi franséisch Besatzung, op Uerder vum „Lieutenant du Roy“ de la Bruyère a vum „Conseiller du Roy“ de Mahieu „pour des Raison d'Estat qui leur sont connues“ d'Kapellchen ofrappen, offiziell well se angeeblech ze no un de Festungsbaute läit.

1747 léisst de Jean Strock, Spross vun enger Famill aus dem Gronn, eng nei Kapellche bauen, allerdéngs net op der geneeër Plaz vun der aler, ma op der Tréierer Strooss, déi wéinst dem Bau vum Fort Rubamprez e bësse méi no u Clausen geluecht gi war. Déi Kapellchen existéiert nach haut.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fort Rubamprez – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ["Bastion détaché de Walis, qui enveloppe la Redoute à la Teste du Gronde ou Raame." Jaillot, Bernard-Hyacinthe. PLAN DE/LUXEMBOURG/...//A Paris chez l'Auteur Quay et a coté des GRds / Ausgustins, Avec Privilège du Roy 1741 // Par le Sr. Jaillot Géographe Ordre du Roy / Paris: Jaillot, 1741. An: Van der Vekene, Emile. Les Plans de la Ville et Forteresse de Luxembourg. Éditions Saint-Paul (1996).]
  2. 2,0 2,1 Langini, Alex. La chapelle „Strock“. An: Ons Stad 53(1996). S 23.
  3. [Coster, J. Geschichte der FEstung Luxemburg. Aus: Luxemburger Illustrierte 16(1931). S 236.]
  4. Lëtzebuerger Guiden a Scouten Cents. De Site Rhum (04-03-2010) Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2010-03-05.
Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen