Fort Rumigny

Vu Wikipedia
Fort Rumigny
D'Front vum Reduit vum Fort Rumigny mat engem Stéck vun der Contre-escarpe am Hannergrond.
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'40,2217"N, 6°8'44,0225"O
Architekt(en) Sébastien Le Prestre de Vauban
Datum vum Bau 1688
Ofgerappt oder zerstéiert 1871

De Fort Rumigny (och nach: Redoute de la Bombarde (1688), Demi-Lune de Rumigny (1741)[1]) ass e Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg um Rumm-Plateau am Quartier Zens. De Reduit vum Fort, déi 1688 gebaut Redoute de la Bombarde, existéiert nach haut um Terrain vum Institut national des sports (INS). Den Terrain vum Fort läit tëscht der Tréierer Strooss op der nërdlecher an der Eisebunnslinn op der südlecher Flank.

Baugeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Entrée vum Reduit (2010).
De Reduit nom Ëmbau (2020).

1688 gouf ënner der Direktioun vum franséische Festungsarchitekt an –ingenieur Sébastien Le Prestre de Vauban de Rumm-Plateau weider befestegt fir der Entwécklung vun der Belagerungsartillerie Rechnung ze droen. Dofir gouf nordëstlech virun de Fort Rubamprez en Observatiounsposten a Form vun enger Redoute gebaut, d'Redoute de la Bombarde. Déi Redoute krut hiren Numm vun der Plaz wou se gebaut gouf, der Hauteur de la Bombarde[2].

1735 ass ënner éisträichescher Besatzung eng Enveloppe ronderëm d'Redoute gebaut ginn, déi domat als Fort ëmklasséiert gouf an a Fort Rumigny ëmbenannt gouf[3]. Déi al Redoute ass als Reduit vum Fort bestoe bliwwen. No lénks a riets si Mauere bäikomm, déi et erlaabt hunn, de Glacis ronderëm de Fort riicht ze zéien. Op der nërdlecher Säit ass d'Tréierer Strooss a Richtung Tréierer Paart ofgefall, op der südlecher Säit hu Maueren d'Begrenzung zur Eisebunnslinn gezunn, déi vum 29. August 1861 d'Stad Lëtzebuerg mat Tréier verbonnen huet. Well de Fort sou kleng war, ass en op verschiddene Kaarten och als Demi-Lune de Rumigny opgedaucht.

Mam Bau vum Fort Dumoulin ass eng grouss ënnerierdesch Galerie bäikomm, déi d'Reduitë vun deenen 2 Forte matenee verbonnen huet[4].

Am Kader vum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg nom Traité vu London vun 1867 gouf d'Enveloppe geschleeft, de Reduit blouf bestoen.

Militäresch Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Redoute war als avancéierten Observatiounsposte geduecht, dee senger Besatzung am Fall vun engem Ugrëff Schutz bidde sollt. Well e relativ exposéiert louch, war en duerch eng ënnerierdesch Galerie mam Fort Rubamprez verbonnen. Mam Bau vun der Enveloppe gouf aus der Redoute e richtege Fort deen e Glacis kontrolléiere konnt. Zil war et, Artillerie vun der Stad ewech ze halen an den Accès iwwer d'Tréierer Strooss ze kontrolléieren. D'Eisebunnslinne leie méi déif wéi de Fort, doduerch hat de Fort Rumigny keng direkt Kontroll vun dësen Accèsen. Nom Bau vum Fort Dumoulin huet de Fort u Wichtegkeet verluer.

Weidert Benotzen[änneren | Quelltext änneren]

De Reduit gouf 1871 verkaf. 1918 goung de Reduit erëm a Staatsbesëtz iwwer a war bis 1937 eng Privatwunneng. 1963 ass dunn den Institut national des sports op dësem Terrain entstanen, de Reduit gëtt zanter deem als Büro benotzt.

De Reduit war duerno eng Zäit laang net a Gebrauch a gouf restauréiert. Et gouf och e Kontrakt tëscht de Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg (FFGL) an dem Service des sites et monuments nationaux ënnerschriwwen, an de Réduit ass zanter dem Enn vun de Restauratiounsaarbechten[Wéini ?] de Siège vun den FFGL ginn[3],[5].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fort Rumigny – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jaillot, Bernard-Hyacinthe. PLAN DE/LUXEMBOURG/...//A Paris chez l'Auteur Quay et a coté des GRds / Ausgustins, Avec Privilège du Roy 1741 // Par le Sr. Jaillot Géographe Ordre du Roy / Paris: Jaillot, 1741. An: Van der Vekene, Emile. Les Plans de la Ville et Forteresse de Luxembourg. Éditions Saint-Paul (1996).
  2. Bailleul François & Wagner J. PLAN DE / LUXEMBOURG / Avec ses / Nouveaux Ouvrages (1761). An: Van der Vekene, Emile. Les Plans de la Ville et Forteresse de Luxembourg. Éditions Saint-Paul (1996).
  3. 3,0 3,1 Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg a.s.b.l., www.ffgl.lu
  4. Coster, J. Geschichte der Festung Luxemburg. Luxemburger Illustrierte 1931 (16) 236.
  5. Éditorial 01/2019 op ffgl.lu, gekuckt den 9. Februar 2020
Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen