Fort Thüngen
De Fort Thüngen, am Volleksmond Dräi Eechelen genannt wéinst der apaarter Dekoratioun vu sengen Tierm, ass e Fort vun der Stad Lëtzebuerg, deen zum baussenzege Festungsrank gehéiert huet an um Kierchbierg läit, nordëstlech vum Fort Obergrunewald a südlech vum Fort Olizy. E war op der Plaz vum Vauban senger Redoute du Parc, opgeriicht ginn.
No Restauratiounsaarbechte ass de Musée vun der Festungsgeschicht dran installéiert ginn.
De Fort Thüngen gouf nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen genannt. 1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen. De Fort gouf an de Joren 1870 - 1874 ofgerappt am Kader vum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg. Nëmmen d'Agangstierm an d'Grondmaueren, déi 1991 nees fräigeluecht goufe sinn erhale bliwwen.
De Ravelin vum Fort ass deelweis zerstéiert ginn, fir dorop de Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean ze bauen.
Um Spaweck[änneren]
- De Fort Thüngen op der Websäit vun de " Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg (fr)
- Pläng vum Fort Thüngen
| Commons: Fort Thüngen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Biller[änneren]
-
Vue vun den Dräi Eechelen op d'Stad, 1899, Foto Charles Bernhoeft