Fort de Battice

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Westsäit vun der Festung
Panzergruew
Block II

De Fort de Battice ass eng vun de véier neie Festungen, déi just virum Zweete Weltkrich an der Belsch laanscht déi däitsch Grenz gebaut goufe fir d'Land géint eng däitsch Invasioun ze verdeedegen. E gehéiert zum Lécker Festungsrank ( Position fortifiée de Liège, och nach PLF I ofgekierzt).

De Fort läit um Ostrand vum Plateau de Herve op enger Héicht vun 330 m a 17 km vun der däitscher Grenz ewech. Et war déi notsde Positioun zur däitscher Grenz.

De mëttelsten Deel vun der Festung ass e Fënnefeck, dat op véier Säiten een déiwe Gruef huet fir sech géint Tanksen ze verdeedegen. Wëll op der enger Säit d'Eisebunnslinn N°38 derlaanscht gaangen ass konnt do kee Gruew ugeluecht ginn. Déi Partie an der Mëtt huet 13,5 ha an d'Fläch vun der ganzer Festung ass 47 ha.

Mam Bau vum Fort ass 1934 ugefaange ginn a beim Ausbroch vum Krich war e nach net fäerdeg.

An der Festung war eng Garnisoun vu 750 Zaldote stationéiert, déi all vun der däitscher Arméi gefaange geholl gi sinn a fir fënnef Joer an Däitschland op de Schluss vum Krich hu misste waarden.

No der belscher Kapitulation huet déi däitsch Arméi d'Festung geschleeft an als Trainingsterrain benotzt.


Kuckt och [änneren]

Militärarchitektur: Approche - Bockellinn - Caponnière - Contre-escarpe - Courtine - Enveloppe - Escarpe - Glacis - Kasematt - Ravelin - Redoute - Reduit - Zitadell


Festung Lëtzebuerg: Festung Lëtzebuerg mat: Bastioun Louis - Fort Olizy - Fort Thüngen - Kasematten - Malakoff-Tuerm - Nei Paart - Spueneschen Tiermchen

Festungen an der Belsch: Fort de Tancrémont - Fort de Battice - Fort d'Aubin-Neufchâteau - Fort d'Eben Emael - Fort d'Évegnée-Tignée - La Chartreuse

Festungen a Frankräich: Maginot-Linn - Château d'If - Fort d'Illange - Fort de Villy-La Ferté - Fort de la Pompelle - Zitadell Montmédy - Tour Solidor - Fort de Charlemont

Festungen an Italien: Festunge vu Folgaria - Trentiner Festungen

Festungen an Norwegen: Festung Akershus

Festungen a Portugal: Fortaleza de Sagres - Tuerm vu Belém

Festungen an den USA: Alcatraz

Commons: Fort Battice – Biller, Videoen oder Audiodateien