Fort de Charlemont

Vu Wikipedia
De Fort de Charlemont vu Givet aus gesinn

De Fort de Charlemont ass eng Festung a Frankräich an de franséischen Ardennen um lénksen Uwänner vun der Meuse, an der sougenannter Spëtz vu Givet ëstlech vu Givet.

Mat dem Bau vun der Festung gouf 1555 op Uerder vum Karel V. ugefaangen, a 1681, nodeem de franséische Kinnek Louis XIV. beim Fridde vu Ryswick, Charlemont a Givet zougesprach krut, gouf se vum Vauban ausgebaut.

De Karel V., dee seng Positiounen op der Meuse besser verdeedege wollt, hat senger Sëschter, der Marie vun Ungarn, den Optrag ginn, de Bëscheef vu Léck den Domaine Agimont-Givet ofzekafen. Kuerz duerno gouf mam Bau vun der Festung ugefaangen.

Op der Plaz hunn deemools 3.000 Aarbechter geschafft, a well d'Festung a Krichszäiten opgeriicht gouf, waren 20.000 Infantriezaldoten an der Géigend stationéiert, an och eng 3.000 Mann staark Kavalleriestrupp.

Kommandant vun den Truppe war de Martin Van Rossem, a fir d'Opsiicht iwwer d'Bauaaarbechte war de Charles de Berlaymont, Här vun Hierges, zoustänneg. De gréissten Deel vun den Truppe war um Lieu-dit Aux deux Givet stationéiert. Zu där Zäit koum et dann och zu enger klenger Kricherei, déi ënner dem Numm Schluecht vu Gimnée an d'Geschicht agaangen ass.

Am Joer 1963 gouf op eng Decisioun vum Generol Massu do den éischte Centre d'entrainement commando ënner dem Emblème vum 9e régiment de zouaves ageriicht. 2006 gouf en ëmbenannt a krut de Fändel vum 3e régiment de chasseurs parachutistes.

Bei der Reorganisatioun vun der Défense duerch de President Sarkozy, gouf en am Summer 2009 opgeléist.

Zanterhier kann de Fort op Ufro beim Office de Tourisme vun der Stad Givet a Gruppe besicht ginn.

Kuckt och[Quelltext änneren]