Fort de Tancrémont
De Fort de Tancrémont war de klengste Fort vum Festungsrank ëm Léck. D'Anlag huet d'Form vun engem onregelméissege Véiereck a läit op den zwou Gemenge Pépinster an Theux. Et ass eng vun véier neie Festungen, déi 1936 gebaut goufen. Zesumme mat 8 méi ale Festungen huet se zu der Position fortifiée de Liége (PFL1) gehéiert. D'Garnisoune vun deenen 12 Festunge waren een Deel vum Régiment des Forteresses.
De Fort huet sech am Zweete Weltkrich als dee leschten erginn, e puer Deeg nodeem d'belsch Arméi schonns kapituléiert hat. E läit op der Nationalstrooss N° 666 tëschent Tancrémont a Pepinster a kann als Musée besicht ginn.
Geschicht vum Fort [änneren]
De Fort gouf 1936 gebaut, den 8. August 1937 ageweit, an huet eng Fläch vun 3.30 ha.
Den 29. Mee 1940, 36 Stonnen no der Kapitulatioun vun de belschen Truppen huet dëse Fort sech erginn. Dat war keng sou einfach Decisioun fir de Kommandant vun der Festung, de Capitaine Abel Devos, dee Batterie-Chef vum Fort war, well seng Verbindung zu den anere Festunge rondërem ofgeschnidde war, an hie keng Informatiounen iwwer d'Kapitulatioun hat. En huet awer, nodeems den däitschen Offizéier, de Generol-Léitnant Spang him säin Éirewuert als Offizéier ginn hat, datt de belsche Kinnek sengen Truppe gesot hätt opzehale mat kämpfen, sech schliisslech erginn.
Bewaffnung vum Fort [änneren]
Waffe fir wäit ze schéissen [änneren]
- 2 Kuppele mat 2 Kanounen vu 75 mm (Si konnte bis op 10.000 m schéissen)
- Dës véier Kanounen (FRC Modell 1934) waren an zwou versenkbare Kuppelen an de Gebaier B.II a B.IV agebaut. Si konnten an der Kuppel eran an eraus gezu ginn a ware vun der Fonderie Royale des Canons aus der Kanoun 75 mm Bofors vun 1934 weiderentwéckelt ginn, déi och den Artilleriesregiment vun de Chasseurs Ardennais equipéiert huet.
- 1 Mortiersblock mat 3 Mortieren vun 81 mm astellbar tëschent 300m an 3.600 m.
- Wëll d'Käschte fir Kuppelen ze bauen relativ héich ware gouf decidéiert, eng drëtt Kuppel duerch e Mortiersblock z'ersetzen, deen an der Mëtt vun der Festung sollt stoen. Dëst Gebai krut de Numm B.M. (bâtiment mortier). Déi dräi Mortiere waren an engem Wénkel vun 90° vunenee versat a stoungen an enger spezieller Kasemat déi sou gutt gebaut war, datt se all déi däitsch Bombardementer iwwerstanen huet. D'Mortiere selwer waren eng Entwécklung vun der franséischer Arméi aus dem Modell Stokes-Brand vun 1927/1937.
Waffe fir Noverdeedegung [änneren]
- 3 Schwéier Maschinnegewierer
- 4 Kanoune 47 mm géint Tanksen
- Dës Kanoune vum Typ FRC 47mm Modell 1936 stongen a sougenannte Kofferen. An de Kofferen C.II an C.IV stongen all kéiers eng, an am Koffer C.III zwou. Dës Kanoune ware geduecht fir d'Festung géint Tanksen ze verdeedegen, wann déi sollte bis an d'Grief kommen.
- 26 Duebel Maschinnegewierer
- 7 Automatesch Gewierer
- 8 Flaken
D'Besatzung vum Fort am Mee 1940 [änneren]
- 15 Offizéier
- 54 Ënneroffizéier
- 500 Brigadieren an Zaldoten
Dës Zuele si bis op e puer Ofweechungen no verschidden Auteure genee . Bei den Offizéier kënnen et der och nëmme 14 gewiescht sinn, bei den Ënneroffizéier 59 a bei den Brigadieren an Zaldoten 449.
Dat hänkt ëmmer dervun of, ob den Auteur nëmmen d'Haaptfestung a Betruecht zitt oder déi baussenzeg Positioune mat dra rechent.
Kuckt och [änneren]
Militärarchitektur: Approche - Bockellinn - Caponnière - Contre-escarpe - Courtine - Enveloppe - Escarpe - Glacis - Kasematt - Ravelin - Redoute - Reduit - Zitadell
Festung Lëtzebuerg: Festung Lëtzebuerg mat: Bastioun Louis - Fort Olizy - Fort Thüngen - Kasematten - Malakoff-Tuerm - Nei Paart - Spueneschen Tiermchen
Festungen an der Belsch: Fort de Tancrémont - Fort de Battice - Fort d'Aubin-Neufchâteau - Fort d'Eben Emael - Fort d'Évegnée-Tignée - La Chartreuse
Festungen a Frankräich: Maginot-Linn - Château d'If - Fort d'Illange - Fort de Villy-La Ferté - Fort de la Pompelle - Zitadell Montmédy - Tour Solidor - Fort de Charlemont
Festungen an Italien: Festunge vu Folgaria - Trentiner Festungen
Festungen an Norwegen: Festung Akershus
Festungen a Portugal: Fortaleza de Sagres - Tuerm vu Belém
Festungen an den USA: Alcatraz
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Fort de Tancrémont – Biller, Videoen oder Audiodateien |