Fort de la Pompelle
De Fort de la Pompelle ongeféier 5 km südlech vu Reims läit op der lénkser Säit vun der Nationalstrooss déi vu Reims op Châlons-en-Champagne féiert, um Territoire vun der Gemeng Sillery. E gouf nom Franséisch-Preisesche Krich vun 1870/1871, tëscht 1880 an 1883 gebaut fir de Festungsrank vu Reims ze verstäerken, an huet zum System Séré de Revières gehéiert. En ass 2,31 ha grouss, an am Fort waren déizäit 6 Kanoune vun 155 mm, 4 Kanoune vum 138 mm a schwéier Maschinnegewierer als Bewaffnung. Eng Garnisoun vun 277 Mann war stänneg do stationéiert.
De Fort gouf 1913 vun de Fransousen opginn an desarméiert. Sou koum et datt déi däitsch Truppen en am Ufank vum Éischte Weltkrich direkt besat hunn. D'Fransousen hunn et eréischt erëm krut wéi se d'Preisen op der Marne geklappt haten. Vun do un, gouf en Haaptstützpunkt vun der franséischer Arméi.
Déi ganz Géigend ëm Reims gouf schwéier vun den däitschen Arméie bombardéiert, an Stad Reims gouf praktesch ganz zerstéiert. Mee déi franséisch Truppen am fort hunn duergehaalen. Am Ganzen hu sech 180 Regimenter der Rei no d'Hand ginn, fir d'Plaz ze verdeedegen. An där Zäit hat d'Besatzung en Effektif tëscht 1.500 an 2.000 Mann, an déi däitsch Truppe konnten de Fort ni mé anhuelen, am Contraire zu den anere Forten déi ronderëm louchen.
D'Truppen aus dem Fort goufen doderbäi vun der franséischer Marine ënnerstëtzt déi mat Kanounebooter um Kanal tëscht Sept-Saulx a Courmelois louchen, an déi, déi däitsch Linne bombardéiert hunn.
Haut ass de Fort e Miltärmusée an deem e vill Kollektioune ka gesinn, ënner anerem eng vu 560 däitschen Helmer, aus enger Privatsammlung.
An de Vitrine si Stécker ausgestallt déi den Zaldoten deemools gehéiert hunn, an op Mannequine kann en d'Uniforme vun der franséischer a vun alliéierten Arméie gesinn.
Eng Vitrine erënnert un de russeschen Expeditiounscorps, deen den Tzar Nicolas II. dohinner geschéckt hat fir de Fransousen ze hëllefen. Als Prise ge Guerre ass de Kavaleriesmantel vum däitsche Keeser Wëllem II. ze gesinn.
D'Liewen an den Tranchéen ass am Sall vun de Crapouillots duergestallt, an den Deel iwwer d'Aviatioun erënnert un de René Dorme, Pilot mat 23 homologéierte Victoiren, an deen iwwer dem Fort afgeschoss gouf.
Et gëtt och iwwer d'Kolonialarméi verzielt déi mat hirem éischte Corps ënner dem Generol Mazillier do vertruede war.
|
Imitéiert 155 GPF Kanoun um Glacis vum Fort de la Pompelle. Dës Kanoun soll nëmmen ongféier duerstellen, wéi eng GPF ausgesinn huet. GPF heescht Grande Puissance Fillioux nom Numm vu sengem Constructeur. Op dësem Bild ass awer just d'Lafette vun enger GPF. De Kanounelaf ass vun engem AMX 30 Tanks. Eng vun de wéinegen erhalene GPF Kanoune kann een am Atillerie's Musée zu Draguignan gesinn
|
Kuckt och [änneren]
Militärarchitektur: Approche - Bockellinn - Caponnière - Contre-escarpe - Courtine - Enveloppe - Escarpe - Glacis - Kasematt - Ravelin - Redoute - Reduit - Zitadell
Festung Lëtzebuerg: Festung Lëtzebuerg mat: Bastioun Louis - Fort Olizy - Fort Thüngen - Kasematten - Malakoff-Tuerm - Nei Paart - Spueneschen Tiermchen
Festungen an der Belsch: Fort de Tancrémont - Fort de Battice - Fort d'Aubin-Neufchâteau - Fort d'Eben Emael - Fort d'Évegnée-Tignée - La Chartreuse
Festungen a Frankräich: Maginot-Linn - Château d'If - Fort d'Illange - Fort de Villy-La Ferté - Fort de la Pompelle - Zitadell Montmédy - Tour Solidor - Fort de Charlemont
Festungen an Italien: Festunge vu Folgaria - Trentiner Festungen
Festungen an Norwegen: Festung Akershus
Festungen a Portugal: Fortaleza de Sagres - Tuerm vu Belém
Festungen an den USA: Alcatraz
| Commons: Fort de la Pompelle – Biller, Videoen oder Audiodateien |