Fotoplack

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
AGFA Drecheplack, ca 1880

Als Fotoplack bezeechent een eng Plack aus Metall (Héliogravure no dem Niépce, Daguerreotypie) oder Glas, déi mat enger Fotoemulsioun beschicht gouf.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht an Entwécklung

Negativplack

Glas war dat éischt Material dat gebraucht gouf fir Fotoemulsiounen opzedroen. Eréischt mat der Erfindung vum Zelluloid gouf d´Produktioun vu fotografesche Filmer méiglech. Filmer si méi liicht a loossen sech, z. B. als Rollfilm, besser gebrauchen wéi Fotoplacken. Ausserdeem gëtt et keng Brochgefor wéi bei de Fotoplacken. Sou goufen d´Fotoplacke vu bal alle Gebidder vun der Fotografie verbannt.

Nëmmen do wou d´Virdeeler vun der Fotoplack, nämlech d'Formstabilitéit, Glaat a Widerstandsfähegkeet géint Umweltaflëss vu spezieller Bedeitung sinn, gouf si och weider gebraucht - sou zum Beispill an héichpräezise Spezialkamerae fir photogrammetresch Biller.

Weeër zu der Produktioun vu fotografesche Placken waren, ënner anerem, d´Heliografie, d´Daguerreotypie, d´Talbotypie oder d´Kalotypie souwéi d´Kollodium-Naassplack an d´Gelatine-Drecheplack.

[änneren] Astrofotografie

An der Astrofotografie erméiglechen d'Fotoplacke Biller vu gréissere Felder vum Stärenhimmel exakt an ökonomesch auszemiessen. Ee vun de weltwäit gréissten Archiven vu Fotoplacken steet an dem vum Cuno Hoffmeister gegrënnten Observatoire Sonneberg zu Sonneberg an Thüringen (D). Méi wéi 11.000 verännerlech Stäre goufen hei op Fotoplacken entdeckt. Duerch de Gebrauch vun ëmmer méi groussen CCD-Sensore verléieren Fotoplacken an der Astronomie allerdéngs u Bedeitung.

Och als Detektoren a Massespektrometer goufen si benotzt. Do hu si allerdéngs keng Photonen detektéierten mee Ionen.

[änneren] Literatur

  • Peter Kroll, Constanze La Dous, Hans-Jürgen Bräuer: Treasure Hunting in Astronomical Plate Archives. (Proceedings of the international Workshop held at Sonneberg Observatory, March 4 to 6, 1999.) Verlag Harri Deutsch, Frankfurt am Main (1999), ISBN 3817115997

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools