Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg op der Cloche-d'Or (2011). Riets den Depot vun der Cinemathéik vun der Stad.

D'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg ass eng Fotothéik, déi 1984 vun der Gemeng Lëtzebuerg mam Zil geschafe gouf, d'"Gesiicht" vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d'Zäit ze dokumentéieren.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stater Fotothéik gouf 1984 gegrënnt, andeems se aus den Archiver vun der Stad Lëtzebuerg ausgegliddert gouf. Am Dezember 1991 ass se aus der Neippergstrooss op d'Cloche d'or zu Gaasperech geplënnert, wou se och haut hir Lokalitéiten huet. Hiren Opbau an hire Klassifizéierungssystem orientéiert sech no deem vum Paräisser Centre Georges Pompidou.

Sammlung[änneren | Quelltext änneren]

Si betreit eng Sammlung vun iwwer 4 Millioune Fotoen an Negativen, déi tëscht 1855 an haut gemaach goufen.[1][2] Déi allermeescht dovun hunn d'Stad Lëtzebuerg, hir Awunner oder Evenementer vun do als Sujet.

D'Sammlung koum zesummen aus Donen, Ierfschaften a Legen, déi iwwer d'Jore gemaach goufen, mä och duerch Optragsaarbechten, déi fir si gemaach goufen.

Pierre Brandebourg: D'Clausener Brauerei (1865). Eng vun den eelste Fotoe vun der Fotothéik.

Zu hirem Fong gehéieren ë. a. d'Sammlunge vum Batty Fischer (eng 10.000 Opnamen, déi d'Stad tëscht 1890 an 1958 weisen), Théo Mey (eng 400.000 Fotoen aus den 1950er an 1960er Joren), Édouard Kutter Papp a Jong (ronn 200.000 Biller vun ë. a. der groussherzoglescher Famill an Aktuellem aus der Period vun 1950 bis 1980), Tony Krier (400.000 Fotoen aus der Stad, dem Land an Aktualitéiten, tëscht 1939 an 1967 gemaach), Marcel Schroeder, Camille a Pol Aschman (eng hallef Millioun Opnname vun 1935 bis 1988)[1], an och eng Kollektioun vu Fotoe vum Edward Steichen, vum Tony Vaccaro, Remo Raffaelli (eng 40.000 Negativer zu sportlechen a soss Evenementer tëscht 1976 an 1988) a Pierre Bertogne (16.000 Biller aus den 1930er an 1940er Joren).[3]

Zanter 2000 gëtt d'Fototéik Deeler vun hirer Kollektioun an enger Buchserie mam Titel Les trésors de la photothèque eraus. Bis ewell waren dat 5 Bänn vun de Fotografen:

  • Pol Aschman (Fotojournalismus vun 1935 bis 1988); 2001, Reeditioun 2009;
  • Théo Mey (Fotojournalismus vun 1950 bis1980); 2002
  • Marcel Schroeder (Lokalgeschicht vun 1919 bis 1999); 2004, ISBN 2-9599812-2-7
  • Tony Krier (Reportagë vun 1939 bis 1972); 2006
  • Edouard Kutter; 2011, ISBN 978-2-9599812-4-1

Un d'Fotothéik ugeschloss ass e Reliuresatelier.

D'Fotothéik ass an engem Gebai an der Eugène Ruppert-Strooss op der Cloche- d'Or ënnerbruecht, zesumme mat der Cinemathéik vun der Stad, déi an engem Niewegebai ass.

Direktesch ass zanter 1998 d'Martine Theisen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Presentatioun vun der Fotothéik op vdl.lu

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Photothèque", Ville de Luxembourg.
  2. "Visite à la photothèque de Luxembourg-ville: Instants de mémoire", ALBAD: Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliotekären, Archivisten en Dokumentalisten.
  3. Jean-Pierre Fielder, "L'Histoire d'une photothèque", Ons Stad, No. 45, 1994.