Foussball-Europameeschterschaft

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Foussball-Europameeschterschafte vun de Männer. Fir d'Europameeschterschaft vun de Fraen, kuckt Fraefoussball-Europameeschterschaft. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Europameeschterschaft.

D'Foussball-Europameeschterschaft (Euro oder EM) ass en Turnéier fir Foussball-Nationalequippen vun den nationale Foussballverbänn aus Europa, deen all véier Joer ofgehale gëtt. Organisateur ass den europäesche Foussballverband UEFA. Et gi souwuel Europameeschterschaften fir d'Hären wéi och fir d'Dammen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Wéi a wou gespillt gëtt

Nom offiziellen UEFA-Reglement ass d'Turnéier an eng Vir- an eng Ennronn gegliddert. D'Virronn gëtt eng am Meeschterschaftsmodus ausgedroen, Qualifikatioun mat Hin- a Réckspiller. D'Ennronn gëtt an der Gruppephase an de Finalematcher ausgedroen. Dat, wat UEFA-intern als Ennronn bezeechent gëtt, ass dat eigentlecht vum Ausriichter organiséiert Turnéier vu ronn dräi Wochen a gëtt allgemeng als "Foussball-Europameeschterschaft" bezeechent.

De Gewënner vun der Foussball-Europameeschterschaft ass, genee sou wéi och de Weltmeeschter, d'Ausdroungsland an d'Gewënner vun den anere fënnef kontinentale Concoursen (Afrikameeeschterschaft, Asienmeeschterschaft, Copa América, Gold-Cup an OFC-Natiounen-Pokal) fir dee nächsten Konföderatioune-Pokal qualifizéiert.

D'Recht, d'Foussball-Europameeschterschaft auszeriichte wiesselt permanent a gëtt vun der UEFA no Bewäertung vun de Kandidature verginn. Et spillen 16 Equippe mat, déi sech an der EM-Qualifikatiounsronn qualifizéiert hunn, opgedeelt a véier Gruppen vun all Kéiers véier Equippen.

All Equipe absolvéiert, well an enger Grupp jiddwer Equipe géintenee spillt, dräi Gruppematcher. Déi zwou éischt Equippen aus all Grupp kommen an d'Véierelsfinal, wou den Eliminatiounssystem ufänkt, de Verléierer aus all Match scheet aus. Bei der Euro 2004 huet d'Regel vum Silver Goal gegollt, déi dono awer erëm ofgeschaaft gouf.

D'Lëtzebuergesch Foussballnationalequipe huet un der Virronn vun der EM 1964 deelgeholl. No dem 2:1 (1:1) géint Holland an der Aachtelsfinale, sinn d'Léiwen awer dunn, nodeems se mat 3:3 (2:2) an der Halleffinale géint Dänemark gläich gespillt hunn, am Play-Off-Match mat 0:1 (0:1) ausgescheet.

Den amtéierende Foussball-Europameeschter ass, zënter der leschter EURO 2008, Spuenien.

Déi nächst Foussball-Europameeschterschaft EURO 2012 gëtt a Polen an an der Ukrain ausgedroen.

[änneren] Geschicht

[änneren] Turnéier an Europameeschter

Joer Ausdroungs-Land Finale Spill ëm drëtt Plaz
Europameeschter Resultat Zweet Plaz Drëtt Plaz Resultat Véiert Plaz
1960
Detailer
Frankräich Flag of the Soviet Union.svg
Sowjetunioun
2:1
n.V.
Flag of SFR Yugoslavia.svg
Jugoslawien
Flag of the Czech Republic.svg
Tschechoslowakei
2:0 Flag of France.svg
Frankräich
1964
Detailer
Spuenien Flag of Spain.svg
Spuenien
2:1 Flag of the Soviet Union.svg
Sowjetunion
Flag of Hungary.svg
Ungarn
3:1
n.V.
Flag of Denmark.svg
Dänemark
1968
Detailer
Italien Flag of Italy.svg
Italien
1:1
n.V.
Flag of SFR Yugoslavia.svg
Jugoslawien
Flag of England.svg
England
2:0 Flag of the Soviet Union.svg
Sowjetunioun
Widderhuelungsmatch: 2:0
1972
Detailer
Belsch Flag of Germany.svg
BR Däitschland
3:0 Flag of the Soviet Union.svg
Sowjetunioun
Flag of Belgium.svg
Belsch
2:1 Flag of Hungary.svg
Ungarn
1976
Detailer
Jugoslawien Flag of the Czech Republic.svg
Tschechoslowakei
2:2
n.V.
Flag of Germany.svg
BR Däitschland
Flag of the Netherlands.svg
Holland
3:2
n.V.
Flag of SFR Yugoslavia.svg
Jugoslawien
5:3 no Eelefmeterschéissen
1980
Detailer
Italien Flag of Germany.svg
BR Däitschland
2:1 Flag of Belgium.svg
Belsch
Flag of the Czech Republic.svg
Tschechoslowakei
1:1 Flag of Italy.svg
Italien
9:8 no Eelefmeterschéissen
 
Joer Ausdroungs-Land Europameeschter Resultat Zweet Plaz Halleffinalisten
1984
Detailer
Frankräich Flag of France.svg
Frankräich
2:0 Flag of Spain.svg
Spuenien
Flag of Denmark.svg
Dänemark
an Flag of Portugal.svg
Portugal
1988
Detailer
BR Däitschland Flag of the Netherlands.svg
Holland
2:0 Flag of the Soviet Union.svg
Sowjetunioun
Flag of Germany.svg
Däitschland
an Flag of Italy.svg
Italien
1992
Detailer
Schweden Flag of Denmark.svg
Dänemark
2:0 Flag of Germany.svg
Däitschland
Flag of the Netherlands.svg
Holland
an Flag of Sweden.svg
Schweden
1996
Detailer
England Flag of Germany.svg
Däitschland
2:1
n.GG.
Flag of the Czech Republic.svg
Tschechien
Flag of England.svg
England
an Flag of France.svg
Frankräich
2000
Detailer
Belsch &
Holland
Flag of France.svg
Frankräich
2:1
n.GG.
Flag of Italy.svg
Italien
Flag of the Netherlands.svg
Holland
an Flag of Portugal.svg
Portugal
2004
Detailer
Portugal Flag of Greece.svg
Griicheland
1:0 Flag of Portugal.svg
Portugal
Flag of the Czech Republic.svg
Tschechien
an Flag of the Netherlands.svg
Holland
2008
Detailer
Éisträich &
d'Schwäiz




2012
Detailer



[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck


Commons: European Football Championship – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen